Skip to content

visite vum Europaparlament zu Bréissel

Op Invitatioun vum Isabel Wiseler-Lima war eng staark Delegatioun vun de Sektiounen Dippech, Stroossen a Bartreng den 21. Mee 2025 am Europaparlament zu Bréissel. D’Isabel huet äis ë. a. vun de groussen Erausfuerderunge geschwat, virun deenen d’EU de Moment steet. Et geet ëm eis Demokratie an eis Sécherheet. Et war den Appell, datt mir äis all engagéiere missten fir d’Fräiheet an äis géint diktatoresch an aggressiv Stréimungen vu bannen a baussen zur Wiehr setze missten.

Beitrag deelen