Skip to content

suggestiounen un de schäfferot

D’Nadine Schares huet dräi Suggestiounen, per Mail vum 8. Juli 2024, un de Schäfferot geschéckt – am Sënn vun enger konstruktiver Oppositioun an am Intérêt vun eise jonken an eelee Matbiegerinnen a Matbierger.

Gudde Moien,

Ech hätt 3 Saachen, wou ech wollt froen, ob do eppes machbar wier:

  1. Op Helfent tëscht Spillplatz a Beachterrain, wier et do méiglech e Wasserkrunn hinzesetzen wéi en och am Duerf op de Spillplatzen ass?

Mir haten jo dëst Joër nach net vill warm Deeg, mee op engem richteg schmeieren Dag ass um Beachterain trainéiert ginn an vill Kanner haten no enger halwer Stonn de Bidon eidel. Oofgesinn dovun, wann et technesch machbar ass géifen vill Leit sech doriwwer freen.

  1. An der Arca ass lo rezent engem Kand seng Trotinette geklaut ginn (am Tëscheraum, wou se fir d’Musikschoul raginn).

Wier et méiglech hei en Trotinettenstänner virun der Dir virzegesinn? An an engems e Velostänner wou all d’Velo rapassen. De Kanner hier Velo mat bësse méi décken Pneu passen do leider net ran an deen wou lo do steht.

  1. Panno/Gitter fir Reklamm ze maachen: Vu dass keen direkten Veloswee bei d’City Concorde ass, sinn eng Rei Leit op der route de Longwy ënnerwee zu Fouss oder mam Velo. Kéint een oppassen beim Opstellen vun dëse Pannoen, fir se bëssen méi wäit vun der Stross wegzestellen, dass de “Summerwee” fräi ass fir d’mobilité douce?

Villmols Merci, wann do eppes méiglech wier.

Mat bäschte Gréiss

Nadine

Beitrag deelen