Den Austausch vum 22. Abrëll 2024, un dem verschidde Membere vum Gemengerot, mee och Bartrenger Matbierger an der Arca konnten deelhuelen, war eng Opportunitéit, d‘Potential vun erneierbar Energien an Technologien, am Detail ze entdecken an ze diskutéieren.
Experte vu Soler, Bedreiwer vu Wandanlagen zu Lëtzebuerg, a vu GPSS, deen innovativ Léisungen an der Produktioun an am Stockage vun erneierbarer Energie proposéiert, hunn existéierend Projeten erkläert an de Participanten eng Rei Innovatioune präsentéiert, vun deenen déi eng oder aner och fir Bartreng a Zukunft relevant kéint sinn.
D’Participante konnten fir d’Éischt en Abléck a modern Agri-Photovoltaik gewannen. Bei moderner Agri-Photovoltaik geet et net méi just ëm d‘Erhale vu Biodiversitéit ënnert de Panneauen, mee dorëm, déi landwirtschaftlech Fläch an hier Opwäertung an den Vierdergrond ze stellen. Dovunner ausgoend entspréngt dann dat technologesch an ekologesch Gesamtkonzept. Zwar geet den Erléis aus der Landwirtschaft duerch d’Photovoltaik erof, mee d’Gesamteffizienz vu Landwirtschaft an Energie, ass mat Agri-Photovoltaik méi héich. Sou kéinten all Joer 600 MWh Stroum pro Hektar erziilt ginn, wat dem Joresverbrauch vun 135 Stéit entsprécht. En Ëmbau vun 1,4% vun de Lëtzebuerger Agrar-Flächen op Agri-Photovoltaik géif dem Land esou erméiglechen, seng Objektiver aus dem PNEC (Plan National en matière d’Energie et de Climat) bis 2030 ze erreechen.
Lëtzebuerg huet sech als Zil gesat, den Undeel un erneierbar Energie vun 11% 2020 op 25 % bis 2030 ze erhéijen. Haut erméiglechen erneierbar Energien zu Lëtzebuerg et, scho bal de gesamte Privatstroumverbrauch vum Land (16%) ze decken. Am Laf vun de Joren sinn dobäi Wandanlagen ëmmer méi effikass ginn. Op Projeten zu Lëtzebuerg sinn d’Gemengen och dacks Co-Actionnaire, a Modeller an deenen d’Matbierger co-investéiere kënnen, existéieren och. Präsentéiert a diskutéiert goufen och d’Ëmweltimpakter vu Wandanlagen. Oploen a Punkto Standuert vun enger Wandanlag, ekologesch Etudë wärend der Liewensdauer mat Hëllef och vu Spezialkameraen, déi d’Approche vu verschiddene Vullenaarte kënnen erkennen, mee och de Recyclage um Enn vum Projet goufen ugeschwat.
Bei Waasserstoff handelt et sech ëm eng vill méi jonk Technologie, déi nach vill kascht, mee déi am Verglach zu Gas den immense Virdeel huet, keen CO2 fräizesetzen. Et brauch awer nach Pilotprojeten, fir mat der Zäit d’Käschten ze senken an enges Daags, esou wéi haut mat Photovoltaik, och ouni Subventioune rentabel ze ginn. De grousse Virdeel vu Waasserstoff läit, am Verglach zu Batterien, doran, datt Energie méi laang an a gréissere Quantitéite ka gespäichert ginn, wat och fir Industrieprozesser ganz wichteg bleift. Och Gefierer hu mat Batterië Reechwäiten, déi limitéiert bleiwen. Ob iwwer Batterien oder Waasserstof, um Enn spillt d‘Späichere vun iwwerschëssegem Stroum, besonnesch am Zesummespill mat der Produktioun vun erneierbarer Energië wéi Solar oder Wand eng ganz zentral Roll.
Interessant war et also fir d’Participanten ze verstoen, datt warscheinlech net eng Technologie eleng, déi richteg ass, mee d’Zesummespill vun allen Energietechnologien.
Op dem Wee vun eiser ekologescher Transitioun, am Kontext vun der Klimaurgence, ass de konsequenten Ausbau vun erneierbaren Energien och eng Responsabilitéit um kommunalen Niveau.
Weider Pilotprojete sollen hëllefen, Virreider am Klimaschutz ze sinn an d’Gemenge fir muer besser ze preparéieren. Potentialanalysen sinn dofir den éischte Schrëtt, zu dem d’CSV Bartreng oprifft.