Skip to content

D’csv éiert déi nei gewielten

D’Comitésmembere vun eiser Sektioun hunn déi dräi nei Gewielten iwwerrascht an hinnen de 27. Juni e Cadeau gemaach. D’Nadine, de Guy an de Marc kruten en Äppelbeemchen iwwerreecht. E Geste, deen hinne grouss Freed gemaach huet a si uspornt, als Deel vun der Oppositioun sech fir d’Interessë vun de Matbiergerinnen a Matbirger anzesetzen.

Beitrag deelen