Skip to content

Children’s Literature Festival, “Book On!”

D’lescht Joer war dëse Festival an der ArcA. Et war déi 1. Editioun an hat vill Erfolleg. Dëst Joer war hei zu Bartreng einfach keng Plaz méi fir dëse groussaartege Festival. Déi wierklech Grënn konnte mir net erausfannen. Zum Gléck huet d’Gemeng vu Stroossen hir Diren opgemaach, fir dësen internationale Festival, deen ee staarkt Zeeche fir de Vivre ensemble a fir de Kulturbetriib setzt. Déi dreiwend Kraaft bei der Organisatioun ass d’Jolanta Švedkauskaitė, déi op eiser Lëscht mat an d’Gemengerotswalen gaang ass an déi d’CSV och a verschiddene Kommissioune vertrëtt. Mir wënschen dem Festival e grousse Succès! Méi Informatiounen zum Programm fannt Dir hei: Children’s literature festival „Book On!” | Vaikų žemė (vaikuzeme.lt)

Literaturfestival “Book on!”

De Colloque

Bei der Ouverture gouf et eng ganz interessant Aféierung an d’Bedeitung vum Liese fir d’Kanner an Hiweiser op konkret Projeten.

Beitrag deelen