Skip to content

Nopeschfest an europawalen – Zwou Froe vum Nadine un de Schäfferot

Iwwer d’Nopeschfester an d’Europawalen huet eis Fraktiounscheffin, d’Nadine Schares, zwou Froen un de Schäfferot geriicht.

  1. Thema: Nopeschfest

De 24.Mee wor hei zu Lëtzebuerg Nopeschfest. E Fest an eng Aktioun déi wichteg sinn, net nëmmen fir e Patt zesummen ze drénken, mee virunallem fir seng Noperen besser kennenzeléieren oder nei Noperen ze intégréieren. Eng gudd Noperschaft ass wichteg fir e flott an harmonescht Mateneen.

Am 1.Gemengebuet vun dësem Joër an op Facebook (27.03.2024) wor eng Säit/e Post zum Nopeschfest an dass intresséiert Leit kéinten Dëscher a Bänken bei der Gemeng ufroen.

Ech wollt froen:

  • Wéivill Demanden si rakomm?
  • Wéivill Dëscher a Bänken sinn ausgeléint ginn?
  • Wéivill Demanden hunn missen oofgeleent ginn, well keen Material méi do wor?
  • Ass nach aanert Material wéi Zelt, Grill, Besteck, Glieser verléint ginn? Wann jo wéivill ass dovunner verléint ginn?
  • Firwat mecht d’Gemeng Bartreng bis lo net mat bei Nopeschfest.lu an ass eng commune participante? Ass dat mat zevillen Oplagen oder soss Conditiounen verbonnen?
  1. Thema Europawalen

Den 9.Juni woren d’Europawalen. Zu Bartreng woren 3901 Persounen ageschriwen, dovun 3444 Lëtzebuerger an 457 Net-Lëtzbuerger. Fir dass mir hei zu Bartreng eng Majoritéit vun Net-Lëtzebuerger sinn, sinn dat do frappant Zuelen. Eng Rei Net-Lëtzebuerger sinn am Walbureau rëm heem geschéckt ginn well se net ageschriwen woren, wat hinnen awer net bewosst wor.

Ech wollt froen:

  • Kéint d’Gemeng bei de nächsten Walen eng Informatioun rausginn oder evtl mat der Commission du vivre-ensemble eng kleng Informatiounscampagne organiséiern dass d’Auslänner sech mussen fir d’Europawalen extra aschreiwen, dass et net duergeet wann een sech fir d’Gemengewalen ageschriwen hat?

PS Op dës Froe gëtt de Schäfferot eng schrëftlech Äntwert. Affaire à suivre!

Beitrag deelen