Skip to content

Sitzung vum 23. Januar 2026 – Meeting of 23 January 2026

op Lëtzebuergesch hei uewen – en bas PDF en FR – unten PDF in DE – further below PDF in EN

Dës Reunioun vum Conseil war haaptsächlech eng administrativ-technesch Sitzung. Et goung ëm Personalfroen, Pachtverträg, Chantiersreglementer, d‘Upassunge vun zwee Reglementer an ëm Finanzielles. Informéiert goufe mir iwwer de Keesestand (15,9 Mio) an iwwer d‘Awunnerzuel (9.490).

Bei de Reglementer ass et ëm d‘Bautereglement gaangen. Et goufen Upassungen gemaach, fir dat Reglement vun 2019 de Begebenheeten an Ufuerderunge vun eiser Zäit unzepassen. De Guy Weirich huet Erklärunge gefrot zu deem Artikel, dee virschreift, datt Residenzen ee Lokal virweise mussen, an deem d‘Leit hir Vëloen ofstelle kënnen an dat bestëmmte Konditiounen erfëlle muss. Wärend d‘Reglement vun 2019 och ausdrécklech d‘Poussette erwäänt huet, ass dat elo net méi de Fall, mä, dem Här Buergermeeschter no, dierft et kee Problem sinn, wa Poussetten am selwechte Raum ofgestallt ginn. Wéi grouss dëse Vëlosraum si muss, gouf net prezis festgeluecht, mä do géif d‘Gemeng awer schonn een A drop halen. De Guy Weirich huet dann och gefrot, wat fir Méiglechkeeten d‘Gemeng huet, fir ze intervenéieren, wann et bei Chambres meublés, déi verlount sinn, onméiglech Zoustänn gi sollten.

Zum Reglement fir de Festival vun de jonken Talenter huet de Guy Weirich e puer Propositioune gemaach, fir déi verschidden Deeler vum Reglement wierklech koherent openeen ofzestëmmen.

D‘Nadine Schares huet sech beim Punkt Finanze staark gewonnert, datt kuerz Zäit no der Budgetsdezisioun fir zwee Projeten scho Spezialkreditter mussen nogestëmmt ginn: 60.000 Euro fir den Assainissement vun der Sportshal am Centre Atert an 180.000 Euro fir en neie Service gardiennage am Centre Atert. Deen 2. Punkt huet sech ganz einfach als Oubli erausgestallt – wat jo virkomme kann an net weider tragesch ass. Beim 1. Punkt, wou deen definitive Devis aus Zäitgrënn net méi an de Budget komm ass, si mer zousätzlech gewuer ginn, datt d‘Ëmännerungen no dem Iwwerschwemmungsschued sech op een Total vu 4,6 Millioune belafen, woubäi awer e gudden Deel vun der Assurance iwwerholl gi wäert.

De Marc Rauchs, deen no enger konkreter Opstellung (Ausgabe fir d‘Ausbessere vum Schued a fir zousätzlech Aarbechten plus déi genee Chiffere vun deem, wat d‘Assurance iwwerhëlt) gefrot huet, krut verséchert, datt dëse Bilan virgeluecht  géif, wann all Aarbechten ofgeschloss sinn.

Datt d‘Gemeng elo ee Service ustellt, fir ze kontrolléieren, wie sech an deenen verschiddener Gebaier ophält, huet sech als néideg erwisen, well do Saache virkomm sinn, déi net ze toleréiere sinn. Et gouf äis, op Nopfro hin, verséchert, datt de Centre Atert och an Zukunft op ass fir Persounen, déi op de Spillplaze rondrëm sinn an op d‘Toilettë goe wëllen.

FR

DE

EN

Eis dräi Conseilleren waren och op der Soirée de Bienvenue vum 22. Januar 2026. Vu lénks no riets gesidd Dir: 1. Marc Rauchs (CSV), 2. Yolande Schuster (LSAP), 3. Nadine Schares (CSV), 4. Guy Weirich (CSV)

Beitrag teilen