Skip to content

sécherheet vun de schoulkanner

Eng Fro un de Schäfferot no engem Incident. Hei den Text! D’Fro gouf net am Gemengerot vum 23. Oktober 2024 beäntwert. Si gëtt, esou d’Madame Buergermeeschter, zesumme mat der Äntwert an deem Bulletin publizéiert, an deem de Rapport vun deem Gemengerot ze fannen ass.

Bartreng, den 20.10.2024

Un de Schäfferot vun der Gemeng Bartreng

Ech wollt am Kader vum Incident um Schoulcampus Atert den 8.Oktober puer Froen un de Schäfferot riichten:

Den 8.Oktober 2024 ass e Kand um Schoulcampus Atert vun engem Gemengenauto ugestouss ginn. D’Kand ass gefall an huet sech um Aarm verletzt.

De Risiko vun esou Accidenter sollt ob e Minimum reduzéiert ginn. Doduerch dat riskant Platzen méi iwwersiichtlech gemaach ginn, kann d‘ Situatioun verbessert ginn. Als Suite vun dësem Accident wollt ech froen :

– Kann een d’Heck op där Platz méi niddreg schneide respektiv en Deel wech huele fir eng besser Vue?

– Kann een de Campus als Ganzen ënnert d’Luppe huele fir aner Geforequellen ze identifizéieren?

Déi Fro déi sech och stellt ass ob et noutwendeg ass dass zu gewëssen Auerzäite wou d’Schoul ugeet oder fäerdeg ass, Gemengenautoen um Campus mussen zirkuléieren?

Och wann deen Dag nom Incident eng Note rausgaang ass, fir net zu deene Momenter ze zirkuléieren, soll dat net nëmme fir d’Gemengegefierer gëllen, mee och fir Entreprisen déi do schaffen oder d’Dreckscamion (dës Observatioun hunn ech d’läscht Joer gemellt gehat).

Als Beispill hunn ech festgestallt dat Méindes Moies um 7h45 eng Camionnette beim Veloskeller bei der Schoul beim Schlass Zelter vum Hierschtmaart ausgelueden huet.

Zu dëser Zäit ass grad e risege Rush u Schüler déi am Veloskeller eran an eraus ginn, muss dëst Entluede grad zu der Zäit stattfannen?

An dat nodeem eng Note rausgaang ass? Oder wor dat just fir de Campus Atert?

Déi generell Fro déi sech stellt ass, firwat iwwerhaapt Zelter a Griller an engem Veloskeller vun der Schoul musse stockéiert ginn, wann d’Gemeng an der rue de Dippach eng Hall de Stockage huet?

Zeréck um Campus Atert stellt sech och d’Fro firwat dat de Büro vun de Portieren an engem Schoulgebai muss sinn. Och doduerch zirkuléieren eng Rei Autoen um Site an déi Raimlechkeete géife méi sënnvoll fir en differenzéiert schaffen an der Schoul gebraucht ginn.

Ech wëll hei awer nach umierken, dass ech net d’Aarbecht an d’Kënnen vun de Gemengenaarbechter a Portier a Fro stellen. Si sinn ëmmer mat enger ugepasste Vitesse a mat Respekt zu de Kanner um Campus zirkuléiert. Accidenter kënne geschéien a kee vun eis wëll an der Haut vun deem stiechen, deen an sou enger Situatioun hannert dem Steier sëtzt.

D’Sécherheet vun de Kanner soll eng grouss Prioritéit sinn!

Am viraus: Merci fir Är Äntwerten.

Nadine Schares

Beitrag deelen