Eng weider Fro un de Schäfferot zur Maison relais zum Sujet, watfir Kanner do opgeholl ginn. D’Fro gouf net am Gemengerot vum 23. Oktober 2024 beäntwert. Si gëtt, esou d’Madame Buergermeeschter, zesumme mat der Äntwert an deem Bulletin publizéiert, an deem de Rapport vun deem Gemengerot ze fannen ass.
in deutscher Sprache -siehe unten / en version française en bas / english version down here
Bartreng, den 20.10.2024
Un de Schäfferot vun der Gemeng Bartreng,
Mat dësem Schreiwe loossen ech Iech eng Rei Froen zoukommen a bieden Iech, se an der nächster Gemengerotssitzung de 23. Oktober 2024 ze beäntwerten:
Ob eisem Site www.bertrange.lu steet zum Service d’éducation et d’accueil:
Critères d’admission
Tous les enfants habitant la commune et fréquentant l’enseignement fondamental de la Commune de Bertrange peuvent profiter des services organisés dans le cadre du Service d’Education et d’Accueil Bertrange (SEA).
Les enfants non-résidents admis à l’école fondamentale de Bertrange en raison du fait d’être gardés par un membre de famille ou toute autre personne habitant la commune ne sont pas admissibles au Service d’Education et d’Accueil Bertrange (SEA).
Les enfants portant des couches ne peuvent pas être acceptés au SEA.
Well eist Reglement net zouléisst, datt Kanner, déi hei zu Bartreng wunnen, awer an eng aner Schoul ginn, z.B. an d’Europaschoul, froen ech Iech, firwat dëst esou ass.
Ech sinn, ewéi och déi betraffen Elteren, der Meenung, dass d’Ophuele vun dëse Kanner an eisen SEA e wichtege Schratt wier vun Integratioun an Inklusioun fir des Kanner an eis Duerfgemeinschaft.
Duerfir meng 2. Fro: Wier et méiglech, dëst Uleies eemol an den 2 berodenden Kommissiounen
Commission de la famille et de l’égalité des chances, an
Commission communale du vivre-ensembre interculturel, op den Ordre du Jour ze setzen an ze diskutéieren ?
Merci am viraus fir Är Äntwerten an Är Erklärungen.
Marc Rauchs
Conseiller