Skip to content

Leschte Gemengerot fir d’Marie-France Bemtgen-Jost

Eis Kolleegin, d’Fränz, kandidéiert bei de Wale vum 11. Juni net méi. An der Sitzung vum 22. Mee 2023 huet si esou fir d’lescht am Gemengerot deelgeholl. D’Madame Buergermeeschter huet hir Merci gesot an hir vun der Gemeng aus e schéine Bouquet iwwerreecht. D’Marie-France hat virdrun d’Wuert ergraff an op eng humorvoll Manéier op hir 5 1/2 Joer am Gemengerot zréckgekuckt. Am Numm vun der CSV-Fraktioun hat doropshinn de Guy Weirich den Engagement vum Marie-France gewürdegt. Mat vill Asaz hat d’Marie-France an dëser Legislaturperiod besonnesch Dossiere vun der Sozialpolitik, der Bautepolitik an der Maison de soins, déi geplangt ass, begleet a wäertvoll Impulser ginn. D’CSV bedauert, datt d’Marie-France elo ophält, versteet déi perséinlech Decisioun awer duerchaus a wënscht him eng gutt Zäit an der “Pensioun”. MERCI VILLMOOLS Marie-France!

Beitrag deelen