Skip to content

Klimaschutz – Subventiounspolitik am Logementsberäich

EIS POSITIOUN

Als CSV begréisse mir prinzipiell dee Schrëtt, dee mat deem neie kommunale Reglement vum 11. Dezember 2025 gemaach ginn ass am Interêt vum Klimaschutz an am Interêt vun eise Matbierger*innen.

Mir fannen et gutt, datt een net méi mat engem plafonéierte Betrag schafft, mä de Prozentsaz vu 25 %, vun der staatlecher Subventioun elo integral ausbezilt. Je no Anlag resp. Gréisst vun der Investitioun kann dat eng substantiell Erhéijung bedeiten. E Beispill, fir ze weisen, wat dat konkret am private Portmonni ausmécht: Wann de Staat fir eng Fotovoltaikanlag 23.000 Euro Subside gëtt, bewierkt dat neit Reglement, datt d‘kommunal Subventioun ëm 2.950 Euro erop geet; also vun 1.800 Euro bis elo erop op 5.750 Euro. Als CSV wäerte mir dat als ee gudde Schrëtt an déi richteg Richtung.

E Verglach mat 4 Gemengen, déi ëm d’Stat Lëtzebuerg leien, weist awer, datt mir net an alle Punkten zou de Virreider gehéieren. Zwar gëtt et elo zu Bartreng keng Deckelung méi, während bäi deenen anere Gemengen – jee no Mesure – finanziell Plafonge festgeluegt sinn. Dat schwätzt fir de Modell Bartreng. Bei eisem Beispill vun der Fotovoltaik awer lafe mer e Stéck hannendrunn: An deene Gemenge rondrëm äis gëtt et je no Gemeng tëscht 6.900 bis 11.500 Euro. Et bleift also fir d‘Zukunft nach Sputt no uewen.

Fir eng grousszügeg Subventiounspolitik am Beräich vum Klimaschutz schwätze mindestens dräi Grënn: a) Klimaschutz ass haut eng Prioritéit a soll duerfir och am Budget eng Prioritéit sinn. b) Et musse méiglechst vill Leit mat op de Wee geholl ginn. c) Et ass zugläich e Stéck Sozialpolitik, well och Leit mat méi klengem Akommes duerch gutt infrastrukturell Viraussetzungen manner héich Ausgabe fir Elektresch an Heizung hu wäerten.

D‘accord si mer mat der Retroaktivitéit: Déi Leit, déi virdru schonn Efforten am Klimaschutz gemaach hunn, sollen net benodeelegt ginn. Virun allem ass bei dësem Punkt awer wichteg, datt een automatesche Reexamen vun deenen Demandë gemaach gëtt, déi am vergaangene leschte Joer agereecht goufen. De Bierger*innen bleiwen esou bürokratesch Demarchen erspuert.

Beitrag teilen