Mir krute den 12. Juni Fotoe vum Kierfecht geschéckt mat dësem Uleies: “Esou gesäit et zu Bartreng um Kierfecht aus. Do kéint een d’Studenten mat Onkrautrappen op alle Fall méi sënnvoll beschäftegen wéi op Trottoire vun onbebauten Terrainen. De Kierfecht ass nach ëmmer e ‚lieu public‘ an dofir soll dës Plaz menger Meenung no propper gehalen ginn.”
De 16. Juni hu mer gesinn, wéi um Kierfecht vum zoustännege Gemengeservice d’Onkraut erausgerappt ginn ass. Am Deel uewen um Kierfecht, esou krute mer gesot, haten d’Studente schonn Onkraut gerappt. Elo ass den ënneschten Deel drun. D’Onkraut war e bëssche séier gewuess.
Vorher – Das Wuchern der Natur



Nachher – Gepflegt und der Würde des Ortes entsprechend


