Op der Grousser Botz 2026 ware vun eisem Comité de Florian Czech an de Guy Weirich derbäi. Weenst dem Nationalkongress deeselwechten Dag hate mir äis opgedeelt. De Florian an de Guy ware bis 13h30 ënnerwee; si haten een Tour geroden mat dräi Hotspots vun Dreck. D’Cammionette vun der Gemeng ass kuerz viru Mëtteg 3 Tuten siche komm, well déi scho gutt gefëllt a schwéier waren. Duerno sinn nach 2 Tuten zur Halschent gefëllt ginn. Et ass erstaunlech, wéivill Offall d’Leit esou an d’Natur geheien: Béichsen, Plastiks Poubelle aus engem Büro, Plastik a Plastik an Zigarettestëmp en masse a villes méi … Traureg! Et goufen awer och an de Veräiner eng ganz Rëtsch vun CSV-Membere gesinn, esou datt mir ganz gutt vertratt waren.
