Den 19. Januar war eis Generalversammlung am Chalet. Duerno hu mir eisen Neijoerspatt offréiert. Mir haten d’Freed zwee vun eise Memberen sur place éieren ze kënnen. De Roger Geimer an den Emile Rauchs sinn elo 50 Joer Member an der CSV. Felicitatioun! Als besonnesch Gäscht ware bei äis: d’Ministesch Elisabeth Margue, d’Deputéiert Diane Adehm an den Alex Donnersbach an de Buergermeeschter vu Stroossen Nico Pundel mat senger Delegatioun. Um Neijoerspatt sinn nach d’Conseilleren vun der LSAP an den déi gréng derbäi komm an eng Rëtsch Matbiergerinnen a Matbierger. Hei e puer Fotoe vun deer AG!





