Un der Sitzung vum 29. November 2024 konnten d’Nadine, aus berufleche Grënn, an de Marc, krankheetshalwer, net deelhuelen. De Guy huet d’CSV vertratt a konnt dobäi op déi gemeinsam Concertatioun am Virfeld zréckgräifen. D’CSV huet déi wichtegst Decisiounen an dëser Sëtzung matgedroen.
- Mesure géint Iwwerschwemmunge vun der Péitruss: Hei gouf unanime den Devis vu 588.692 Euro gestëmmt. Geplangt ass en natierleche Waasserstau vun der Péitruss e gutt Stéck virum Duerf an der Verlängerung vun der rue des Champs. Do soll bei Héichwaasser de Gros vun de Waassermassen opgefaange ginn an da mat manner Débit iwwer d’Gewan an d’rue de la Pétrusse geleet ginn. Zousätzlech gi mesures accompagnatrices verwierklecht. Schonn 2011 war eng Etude gemaach ginn, déi 5 Méiglechkeeten proposéiert hat. Nodeem mer an de vergaangene Jore gesinn hunn, wat fir ee Schued d’Héichwaasser zu Bartreng uriichte kann, begréisst d’CSV dëse Projet. Mir hoffen, datt net nach weider Zäit verluer geet. Mir wieren och frou, wann d’Propriétaire vun där betraffener Plaz am Interessi vu Barteng matmaache géifen. De Schäfferot sot äis, d’Verhandlunge mat de Besëtzer vun den Terrainen wieren amgaang a si wiere bis elo ganz konstruktiv verlaf.
- Passerell iwwert d’Eisebunn: Hei geet et ëm déi “Zentrale Nord-Süd Verbindung: Fußgänger- und Fahrradbrücke zwischen der ‘Rue Aline Mayrisch de St. Hubert’ und dem Quartier ‘Am Pesch’ über die Zugstrecke Linie 50”. Den Devis vu 6.430.000 Euro ass och eestëmmeg gestëmmt ginn. Mir als CSV haten an eisem Walprogramm 2017 schonn eng Verbindung tëscht de Quartieren do an dem Duerfkär proposéiert. Mir haten deemools vun enger Unterführung geschwat. Etüden hunn awer gewisen, datt ee fir eng Unterfühnrung méi Plaz brauch, esou datt an enger 2. Etapp eng Passerelle (mat zousätzlech zwee Lifter) zréckbehale gouf. Wann alles gutt verleeft, kéinten d’Aarbechten 2026 ufänken an 2027 fäerdeg ginn. Biller zur Bréck fannt Dir op der Facebook-Säit vun der Gemeng.
- Don un MSF: Ganz gär hu mir äis als CSV och der Propositioun vum Schäfferot ugeschloss, een Don vu 25.000 € un d’Associatioun Médecins sans frontières – fir d’Affer vun de fuerchtbaren Iwwerschwemmungen zu Valencia a Spuenien – ze maachen. Solidaritéit ass wichteg!
- Eist Jugendhaus: E weideren Devis – 135.000 Euro – huet sech op eis Maison des Jeunes bezuchen. Hei ass et drëm gaangen, lescht Aarbéchten ze maachen, fir datt dës Lokalitéit och fir “personnes à mobilité réduite” accessibel ass. An dëser Zomm sinn och Reparaturaarbéchten dran, déi opgrond vun engem staarke Waasserschued néideg goufen. Aus dem Devis, deen dem Gemengerot virlouch, ass net ganz kloer ervirgaangen, wat fir Dépensen de Waasserschued no sech gezuchen huet. De Waasserschued dierft sech esou op 75.000 – 80.000 Euro belafen. D’Assurance huet all Rechnunge validéiert, esou datt d’Gemeng do villes vun der Assurance zréckkréie wäert. Och hei hu mir als CSV e positive Vote ofginn.
- Waasserpräis: Méi schwéier hu mer äis domat gedoen, datt elo de Waasserpräis massiv an d’Luucht geet. Déi europësch Riichtlinnen an déi Lëtzebuerger Gesetzgebung verlaangen, datt de d’Prinzip Consommateur-Payeur applizéiert ginn. Viru kuerzem sinn d’Käschte fir den Offall gehéijt ginn, elo och nach d’Waasser (op dat jiddereen ugewisen ass – als Nahrungsmëttel an aus Grënn vun der Hygiène, der perséinlecher an der gesellschaftlecher). Mir fäerten, datt Leit déi manner bemëttelt sinn, dorënner leiden. Well déi sozial Komponent hei net beuecht gëtt, hu mer äis bei dësem Punkt, no enger laanger, intensiver an duerchaus informativer Diskussioun, enthalen. D’Gemeng wäert mat engem Flyer (Erklärungen, Rechebeispiller) dës Hausse begrënnen. Mir wënschen äis dobäi och Hiweiser, wéi ee Waasser spuere kann.
- Fir Prezisiounen zu dëse Punkte vum Ordre du Jour an op déi weider Decisioune verweise mir Iech op de Rapport, deen an engem vun den nächste Bulletins ze liese si wäert.