Skip to content

Gemengerot vum 23. Oktober 2026

Dës Säit ass am Opbau. Hei awer mol schonn dëst!

Dem Marc Rauchs seng Interventioun zum Parking résidentiel: Ech deelen dem Nadine seng Meenungen an Erklärungen a mir stëmmen dëse Punkt mat. Ech well just nach ergänzen: Mir, d’CSV, wëllen awer och ganz kloer soen, datt mir dës Ausdeenung vum Parking résidentiel als eng weider Testphas gesinn, fir op konkret Parkproblemer a bestëmmte Stroossen ze reagéieren. Fir eis ass de Parking résidentiel eng geziilt Mesure, déi do agesat ka ginn, wou et tatsächlech Problemer mam Parkdrock gëtt an d’Awunner doduerch am Alldag benodeelegt ginn. Eis Zoustëmmung zu dëser konkreter Ännerung däerf dofir net als eng prinzipiell Zoustëmmung zu enger flächendeckender Aféierung vum Parking résidentiel a ganz Bartreng verstane ginn, an besonnesch och net am Zentrum vum Duerf. Mir sinn ausdrécklech net der Meenung, datt de Parking résidentiel automatesch no an no op all Strooss an all Cité vun eiser Gemeng soll ausgedeent ginn. Ier iwwer eventuell weider Ausdeenunge geschwat gëtt, musse fir d’éischt d’Erfarunge vun de bestoende Beräicher, notamment zu Helfent, an dëser neier Testphas analyséiert ginn. Dobäi muss besonnesch gekuckt ginn, ob d’Parkproblemer wierklech geléist ginn, wéi eng Nodeeler fir d’Awunner an hir Visiteuren entstinn, a fir déi Leit, déi bei äis op der Gemeng an an de Bartrenger Betriber schaffen, an ob de Parkdrock sech net einfach an aner Stroosse verlagert. Fir d’CSV muss also all weider Ausdeenung eenzel begrënnt an op Basis vun der konkreter Situatioun evaluéiert ginn. Eng generell Aféierung vum Parking résidentiel iwwer ganz Bartreng ënnerstëtze mir net.

Beitrag deelen