Skip to content

GEmengerot vum 22. Mäerz 2024

E ganz wichtege Punkt an där Gemengerotssitzung war de Budget participatif. Esou e Budget participatif mat enger finanzieller Enveloppe vun 100.000 Euro fanne mir wichteg, well heiduerch d‘Partizipatioun vun de Biergerinnen a Bierger staark gefërdert gëtt. Hei kann ee Projeten d‘utilité publique erareechen, déi dann op der Gemeng dorop gepréift ginn, ob si de Krittären entspriechen. Iwwer déi Projeten, déi zréckbehale ginn, kënnen d‘Residentë vu Bartreng iwwer Internet ofstëmmen an doriwwer decidéieren, wat fir Projeten verwierklecht ginn. Dëst setzt fir äis viraus, datt all Matbiergerinnen an Matbierger am Viraus, ausféierlech a gutt, iwwer d‘Prozeduren an iwwer déi jeeweileg Projeten informéiert ginn. Informatiounen zou esou engem Budget participatif fënnt een z.B. hei: https://pldp.lu/. Well et hei ëm de Vivre ensemble geet a fir hei grad esou konsequent ze sinn wéi bei der Zesummesetzung vun der Kommissioun Vivre ensemble, huet eise Conseiller Guy Weirich proposéiert, och déi Leit, déi hiren travail habituel zu Bartreng hunn, mat anzebezéien. Een anere Bléckwénkel op eis Uertschaft kéint ënner Ëmstänn duerchaus sënnvoll sinn an Impulser liwweren. No längerer Diskussioun, an där prinzipiell an technesch Problemer erörtert goufen, ass ee Kompromëss fonnt ginn. Betriber an Associatioune hei zu Bartreng kréien een droit d‘initiative. D‘Ofstëmmung bleift awer de Bartrenger Residentë virbehalen.

Um Ordre du Jour stoungen zoudeem eng Rei Routinesaachen, déi einfach mussen evakuéiert ginn. Mä et gouf och soss e puer Punkten, deene mir eis besonnesch Opmierksamkeet geschenkt hunn.

Wat mir als CSV ganz gär matgedroen hunn – well si eisem Walprogramm an eisen Erwaardungen entspriechen – sinn dës weider Punkten:

– Op 9 zousätzlech Plazen an eiser Uertschaft kommen Elektrobornen (geréiert vun SWIO, kuckt: https://swio.lu)

– Weenst dem neie Gesetz vum 8. August 2023 iwwer abordabel Wunnechten, sinn eng Rëtsch Bailen ugepasst ginn. Fir äis ass et wichteg, datt e Suivi erfollegt an datt och vu Gemengesäit aus d‘Recht op Visitten an Usproch geholl gëtt, fir net erëm eng Kéier bäizelafen an da Leit mussen op d‘Geriicht ze huelen. Mir sinn iwwregens gewuer ginn, datt d‘Gemeng 10 esou Logementer zur Verfügung huet. Do ass eiser Meenung no nach Sputt no uewen.

– Bei der „Modification du règlement fixant les modalités d‘inscription aux cours pour adultes et les droits d‘inscription ware mir iwwerrascht, datt eng „séance de cours non prestée pour cause de maladie du chargé ou pour une autre raison de force majeure“ net méi sollt reportéiert ginn. Iwwerrascht ware mer, well am Gemengerot vum 2. Februar 2024 op eis Fro zur Unzuel vun den trimestriellen Séancen vum Schäfferot gesot gouf, et wier gutt Sputt ze hunn, fir mol ee Cours, deen ausfält, kënnen nozehuelen. Op eis Interventiounen hin, déi och vu soss Oppositiounsmemberen ënnerstëtzt gouf, sollt elo ee Cours, deen ausfält, wa méiglech, nogeholl ginn.

– D‘Reglement „relatif à l‘allocation de subventions dans le cadre de la charte de développement durable des associations“ hu mir gär matgedroen. Duerfveräiner, déi dës Charta ënnerschreiwen, kréien 250 Euro. Wa si de Label „Green Event“ kréien, hu si e Subside vu 500 Euro zegutt, beim Label „Mir engagéieren eis“ sinn dat 250 Euro. Esou e Label ass mat engem Plus un Opwand an Ausgaben verbonnen. Duerfir ass de Subside duerchaus berechtegt. Fir äis ass et wichteg, datt et an dëse Fäll eng Zesummenaarbecht mat der Kommissiounen gëtt an datt jeeweils e Bilan gemaach gëtt, fir ze gesinn, wou Upassungen néideg sinn.

Eng länger Diskussioun gouf et bei der „Modification du règlement interne du Service d’Éducation et d‘Accueil de Bertrange“. Do schéngt et jo elo tatsächlech néideg ze sinn, Saachen, déi engem eigentlech selbstverständlech virkommen, an d‘Reglement dranzeschreiwen. Den Titel vun engem neie Punkt vu 14 Zeilen heescht „Comportement des enfants“. Déi 3 éischt Sätz sinn dës: „Les enfants sont tenus d‘avoir un comportement respectueux tant envers les autres enfants qu‘envers le personnel du Service d’Éducation et d‘Accueil. Ils sont également appelés à respecter les infrastructures et le matériel mis à leur disposition.“ Sollten d‘Elteren, déi wéinst Problemer mat hirem Kand, a Gespréicher geruff ginn, eng Collaboratioun refuséieren an d‘Situatioun verbessert sech net, kënnt hiert d‘Kand, no engem 2. Avertissement, vum Schäfferot temporairement oder esouguer definitiv aus der Maison relais ausgeschloss ginn. An der Diskussioun gouf zesummen iwwerluecht, wat d‘Grënn fir een opfällegt an net ugepasstent Verhalen si kéinten. Fir d‘CSV ass an deem Zesummenhang wichteg, datt déi Responsabel vun der SEA de Réck gestäipt kréien, datt d‘Personal déi néideg an adequat Hëllef resp. Formatioune kritt, fir eenz ze ginn, an datt d‘Gemeng gutt ausgebilt Personal mat ënnerschiddleche Kompetenzen astellt.

Beitrag deelen