Skip to content

Froen zum SEA un de Schäfferot

Well d’Maison relais d’Kanner vum Hierscht un net méi bei d’Veräiner féiere wëll, huet eis Fraktiounscheffin folgend Froen un de Schäfferot geriicht.

Bartreng, den 23.04.2024

Betreff: Froen un de Schäfferot vun der Gemeng Bartreng mat Stellungnahm am Gemengerot vum 26. Abrëll 2024

Bei de Sportveräiner a bei den Elteren ass grad e grousst Gespréichsthema dass eise SEA ab der Rentrée am September keng Trajete méi iwwerhëlt, fir d’Kanner an d’Veräiner ze begleeden. Ëmmer méi Eltere schwätzen een am Duerf drop un. An enger Kommunikatioun déi un en Deel vun den Eltere gaang ass steet dran dass Trajete bei d’Ugda a Lasep proposéiert ginn. Fir Gerüchter aus dem Wee ze goen a Falschaussoen ze vermeiden, erlaben ech mir Iech follgend Froen ze stellen?

  1. Iwwerhëlt SEA ab der Rentrée keng Trajete méi fir d’Kanner bei d’Veräiner ze begleeden?

A falls dat sou de Fall ass, da follgend Froen:

  1. Firwat mécht de SEA dat net méi ?
  2. Firwat ginn Trajeten an d‘Musikschoul an LASEP ugebueden, awer net méi bei d’Veräiner?
  3. Ass et eng Fro vu Personal? Hunn mir net genuch Personal?
  4. Wann dat de Problem ass: firwat kënne mir net nach weidert Personal astellen?
  5. Wéi vill Personal schafft an dem SEA?
  6. Wéi vill vun deem Personal sinn néideg fir dës Trajet ze garantéieren?
  7. Dat Personal wat sech bis lo ëm d’Trajete gekëmmert huet, wat kritt dat da lo vun Aufgaben?
  8. Sollen d’Akzenter op aner wichteg edukativ a pädagogesch Aspekter gesat ginn?

E Veräin ass fir e Kand eng ganz wichteg Platz wou et en aner Kontakt huet zu Kanner, Trainer, Responsabel wéi dat an enger Schoul oder an dem SEA de Fall ass. Et léiert een säi Kierper a seng Talenter kennen, et ginn aner Reegelen, sech austauschen, eens gi mateneen, sech géigesäiteg hëllefen, alles dat si wichteg Valeuren déi een an engem Veräin an der Grupp léiert.

Déi méi grouss Kanner kënne resp. duerfe selwer an hier Veräiner goen. Bei deene méi klenge Kanner geet dat net. Sou wäert villen d’Kanner d’Méiglechkeet geholl ginn a verschidde Veräiner ze goen. Och d’Veräiner wäerten dat un hire Memberszuele mierken, wat immens schued wier.

Elteren déi de ganzen Dag schaffen hu keng Méiglechkeet hier Kanner hin an hier ze féieren. Dës Eltere waren och warscheinlech immens frou iwwer dee Service deen de SEA ugebueden huet. Dat muss een sech och bewosst sinn, dat gëtt et nach laang net an all Gemeng dass d’Kanner an déi verschidde Cours’e begleet ginn. Mee wann een et kannt huet, sech dru gewinnt huet an drop agestallt ass dass et sou ass, da versteet een net firwat dat emol wegfällt.

Villäicht stiechen och ganz aner Iwwerleeungen derhannert. An genau dowéinst wëll ech nofroen, fir ze verstoen, den Hannergrond an d’Beweeggrënn ze kennen déi zu sou enger Decisioun féieren.

  1. Ginn duerch den neie SEA bei der Gemeng (aner a méi Raimlechkeeten) méi Personal gebraucht, well een sech anescht muss opdeele mam schaffen?

Dann awer och nach puer Froen zu der Unzuel fir ze wësse vu wéi engem Chiffer mir hei schwätzen.

  1. Wéi vill Kanner waren dëst Schouljoer 2023/2024 an der Bartrenger Schoul ugemellt?
  2. Wéi vill dovunner sinn an dem SEA ugemellt?
  3. Wéi vill Kanner sinn all Dag do?
  4. Wéi vill Kanner sinn an der Moyenne an enger Schoulvakanz do?

Merci fir är Erklärungen. Nadine Schares

PS D’Äentwerte, déi d’Buergermeeschtesch am Gemengerot vum 26. Abrëll ginn huet, wäerten am nächste Bulletin communal publizéiert ginn. Jiddefalls stëmmt et, datt d’Kanner nëmmen nach an d’Museksschoul an an d’Lasep begleet ginn. Dat sinn Offere vun der Gemeng selwer. De Grond wier deen, datt d’Personal vun der SEA sech an Zukunft op hir Käraufgabe concentréiere soll.

Beitrag deelen