Skip to content

D’Marie-Paule Schroeder stellt sech vir

D’Marie-Paule Schroeder huet haut, den 23. September 2026, fir déi éischte Kéier un enger Gemengerotssitzung deelgeholl an huet sech virgestalt.

DE: Die Übersetzungen werden nachgeliefert. FR: Les traductions seront fournies ultérieurement. EN: The translations will be provided at a later date.

LU: Merci dem Buergermeeschter fir d’Wuert. Ech stelle mech vir.

Ech sinn d’Marie-Paule Schroeder, hu 60 Joer a si säit ronn 5 Méint an der Pensioun. Ech sinn als eelst vu 4 Geschwëster zu Bartreng opgewuess, wou meng Elteren e Bauerebetrib haten an Oppert – an der Rue des Champs.

Ech sinn och hei zu Bartreng an d’Spillschoul an an d’Primärschoul gaangen an duerno an de Lycée Michel Rodange, wou ech meng Schoulzäit op enger Première D ofgeschloss hunn.

Mäi Wee huet mech doropshin direkt an d’Beruffswelt geféiert an ech hunn ugefaangen, op der Banque Générale ze schaffen. Well ech ëmmer gäre Kontakt mat Leit hat, konnt ech mir keng administrativ Aarbecht virstellen an hu mech bei mengem Patron dann och ëmmer op Plaze gemellt a Fonctiounen iwwerholl, wou ech direkte Kontakt mam Client hat. Ech war méi wéi 20 Joer op der Agence zu Mamer, déi 10 lescht Joren als Gérante-Adjointe.

Duerno huet dee beruffleche Wee mech op Jonglënster geféiert, wou ech wärend 6 Joer d’Agence mat enger Equipe vu 6 Leit geféiert hunn.

Mat der Zäit huet et sech erginn, datt ech ëmmer méi mat professionelle Clientë geschafft hunn: Geschäftsleit, Handwierker, kleng a mëttelstänneg Betriber aus alle Sparten. 2015 hunn ech dunn d’Responsabilitéit vum Centre d’Affaires Entreprises – Westen iwwerholl, dee säi Sëtz zu Stroossen hat, ier ech 2021 op de Kierchbierg gaange sinn, fir do de Centre d’Affaires Entreprises Lëtzebuerg ze iwwerhuelen. Säit Abrëll vun dësem Joer hunn ech elo meng Pensioun.

Zousätzlech zu menge berufflechen Aktivitéiten hunn ech e gudden Ausgläich fonnt a menge verschiddenen Hobbyen:

Ech schaffe leidenschaftlech gären am Gaart, zillen Uebst a Geméis a ka mech un der schéiner Natur erfreeën, esouwuel am Gaart wéi och beim Spadséieren a Wanderen iwwer d’Gewan oder an der Vakanz.

En aneren Hobby vu mir ass d’Sangen am Chouer: Ech si säit méi wéi 40 Joer Member an der Bartrenger Chorale Ste Cécile an do och säit 2004 Presidentin vum Veräin. Och hei ass et, nieft dem gemeinsame Sangen a Prouwen, de Kontakt mat den zum Deel ganz verschiddene Leit mat verschiddenen Originnen an Nationalitéiten, dee mir Freed mécht a mech beräichert.

Dann sinn ech och aktiv bei de Bartrenger Oeuvres paroissiales, wou ech säit 2013 d’Presidence iwwerholl hunn a wou mir tëschent 2021 an 2024 e Projet vu sozialem Wunnengsbau realiséiert hunn, an haut kënne 34 Wunnenge geréiere fir Leit an Associatiounen, déi um regulären Immobiliemaart keng Wunneng fannen.

Säit menger Jugend war ech och schonn ëmmer u Politik, virun allem Lokalpolitik, interesséiert: Ech konnt säit menger Kannerzäit erliewen, wéi eis Uertschaft sech mat der Zäit verännert huet, wéi Projeten a Wunnquartieren entstane sinn, wéi grouss a kleng Projete realiséiert goufen, wéi d’Uertschaft gewuess ass a wéi Bartreng sech vum Duerf zu enger moderner Gemeng entwéckelt huet.

Den Interessi fir eis Gemeng an hir Awunner an och d’Loscht, fir emol matzeschwätzen, huet mech dunn och 2005 dozou beweegt, fir eng éischte Kéier op der Lëscht vun der CSV mat an d’Gemengewalen ze goen.

Ech hu mech awer och a verschiddenen Kommissiounen engagéiert: Ech si säit Joren Member an der Finanzkommissioun, säit 2023 Member an der Kulturkommissioun a war virdrun och nach Member an der Auslännerkommissioun, déi haiteg Commission communale du vivre-ensemble interculturel.

Als neie Member hei am Gemengerot wëll ech mech zesumme mat menge Kolleegen aus der CSV-Fraktioun, mee awer och zesumme mat Iech alleguer fir d’Entwécklung vun eiser Gemeng an d’Wuel vun allen Awunner asetzen.

Mir ass et wichteg, datt mir bei all eise Projeten an Decisiounen de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen, datt jidderee sech hei ka wuelfillen.

Mir läit dat gutt Zesummeliewe vun alle Bierger um Häerz. Mir brauchen dofir net nëmme gutt Infrastrukturen, mee och gutt funktionéierend Veräiner. Sou sinn et dach d’Sports- an d’Kulturveräiner, wou e groussen Deel vum Zesummeliewe praktizéiert gëtt a wou och e groussen Deel Integratioun stattfënnt.

Ech weess aus eegener Erfarung, wéi vill Engagement an Aarbecht néideg sinn, fir datt e Club ka funktionéieren; dofir leie mir eis Veräiner besonnesch um Häerz a verdéngen eis beschtméiglech Ënnerstëtzung.

E weidere Punkt, dee mir wichteg ass, ass den abordabele Wunnengsbau; mir wëssen, datt Bartreng eng vun deene Gemengen ass, wou d’Wunnen am deiersten ass. Ech fannen et duerfir wichteg, datt mir als Gemengevertrieder och dofir suergen, datt genuch bezuelbare Wunnraum zu Bartreng zur Verfügung steet; eis jonk Leit solle kënnen zu Bartreng wunne bleiwen an och sozial méi schwaach Stéit musse kënnen zu Bartreng en Daach iwwer dem Kapp fannen.

E weidere wichtege Punkt ass fir mech de Respekt vun eiser Natur an Ëmwelt. De Gedanke vum Nohaltegkeetsprinzip soll an all eisen Entscheedunge matwierken; mir hunn nëmmen eng Welt an eng Natur, an déi gëllt et, ze erhalen, ze schützen an den nächste Generatiounen an engem gudden Zoustand ze iwwerloossen.

Säit klengem hunn ech bei mengen Elteren um Haff gesinn an erlieft, wat et heescht, fir am Aklang mat Déier an Natur ze schaffen an datt mir all nëmme kënnen dovu profitéieren, wann et der Natur gutt geet. Dës Erfarung an d’Freed, déi ech beim Schaffen an der Natur selwer hunn, maachen, datt ech mech och hei bei den Diskussiounen am Gemengerot wëll fir Natur- a Klimaschutz asetzen.

Ech géif dann zum Schluss nach gäre mengem Virgänger, dem Guy Weirich, Merci soen. De Guy huet jorelaang eng gutt Aarbecht fir d’CSV hei am Gemengerot gemaach, hie war ëmmer top preparéiert, hat vill Iddien a konkret Propositioune bäizedroen.

Seng Interventioune ware strukturéiert an op de Punkt, ënnerluecht mat Beispiller aus der Praxis. Ech muss soen, do läit d’Lat elo héich an ech versiche mäi Bescht ze maachen, wann ech elo hei seng Nofolleg untrieden.

Ech versécheren Iech, datt ech motivéiert sinn, fir zum Wuel vun eiser Gemeng an all hiren Awunner ze schaffen a mech dofir anzesetzen, datt Bartreng eng schéin a flott Uertschaft ass, wou et sech gutt liewe léisst.

Ech wënsche mir an eis eng gutt Zesummenaarbecht, flott a konstruktiv Debatten an e kollegialen Ëmgang mateneen, och wa mir net déi selwecht Meenunge vertrieden.

Beitrag teilen