Skip to content

Diskussiounsbeitrag vum Marc

ZUR ËNNERSTËTZUNG VUN DEN DUERFVERÄINER

Wëssend, dass vill Veräiner, no Corona, Inflatioun, Index, asw … finanziell manner gutt do stinn, ewéi erwënscht, géif ech mech freeën, wann mir eis Diskussioun e bëssi méi breet kéinte féieren.

Hei e puer Ureegungen! Villäicht ginn et och nach aner Iddien, fir de Veräiner finanziell ze hëllefen.

  • all Subsiden, no där alljärlecher Hausse, eemoleg, lineaire ëm z.B. weider 10% héijen als „Inflatiouns- an Indexausgleich“
  • Subsides extaordinaires pour anniversaire upassen
  • am Budget eng Reserve u Geld virgesinn fir d’Participatioun un internationale Competitiounen, ewéi z.B. Coupe d’Europe
  • am Budget Geld virgesinn, fir den Veräiner Formatiounen unzebidden, fir hir Member, hir Trainer a besonnesch och fir déi Jonk. Do kann een u vill Beräicher denken, déi déi eenzel Veräiner an hirer Aarbecht ergänzen an ënnerstëtzen. Hei e puer Beispiller vun esou Formatiouns-Modulen:

Module puer Stonnen Kiné: Wei vermeiden ech Verletzungen?

Module puer Stonnen Kiné: Wei geréieren an heelen ech Verletzungen?

Module fir méi Beweegung

Module fir besser Ernährung

Module fir besseren Team Spirit

Module 1. Hëllef

Module Urgences an Defilibrator

Module gestion du temps et gestion du stress

Module bénévolat

Module engagement social

Module ???

Mee: des Coursen a Formatioun sollen vun der Gemeng organiséiert an ugebueden ginn, net just finanziell ënnerstëtzt ginn, an natierlech fräiwëlleg.

am Budget Geld virgesinn, fir eng Rei Veréier ze ënnerstëtzen fir hir Aarbecht a Beräicher, déi EIS wichteg sinn. All Veräinsaktivitéit ass jo u sech scho wichteg fir eis Uertschaft an eis Bierger, mee eenzel Aktivitéite kéinten eenzel ervirgehuewen ginn, incitéiert ginn, ënnerstëtzt ginn a finanziell belount ginn, dëst z.B. an den Beräicher Integratioun, Inclusioun, Soziales, Pedagogie, Ökologie, asw… Et kéint een denken un e Prix de l‘intégration oder Prix de l’inclusion asw … mat z.B. enger Jury vum Gemengerot an 2-5 Kommissiounen … z.B. ronn 60 Leit, … Präisser vun z.B. 2000/1000/500 Euro ?

  • am Budget en Posten schaafen fir eng Persoun, dei sech em d’Vereiner, hir Aktiviteiten an zukünfteg Servicer an deem Bereich kömmert. En Deel vun der Aktiviteit, awer net just, wier et och en Service des Sports obzebauen, ewei mir jo schons Responsabel hun an den Bereicher Kultur, Jugend, Senioren, Logement …
  • Firwat net am Helfenter Park an am Zentrum Outdoor-Dëschtennis-Dëscher an Outdoor-Schachfelder (mat Schachfiguren) zur Verfügung stellen?
  • PS De Marc huet dës Iddien am Gemengerot vum 5. Juli 2024 virgedroen, nodeem se – aus formale Grënn – net konnten an der zoustänneger Kommissioun diskutéiert ginn.

Beitrag deelen