Skip to content

Diskussioun iwwer d‘Trajeten vun der SEA

Am Gemengerot vum 24. Mee stoung d‘Problematik vun den d‘Trajeten vun der SEA zu den Associatiounen um Ordre du Jour. D‘Oppositiounsparteien haten eng Motioun eragereecht. Dir kënnt si op eiser Homepage hei noliesen.

Op dëser Säit hei fannt Dir d‘Argumenter, déi eiser Meenung no derfir schwätzen, fir eng Rei Trajeten vun der SEA zu den Associatiounen bäizebehalen.Dës Argumenter goufen zum groussen Deel an der Sitzung virgedroen. Mir hunn äis awer weider Gedanke gemaach, an dës weider Iddien sinn dann och an den Text hei agefloss.

Eis Argumenter

Déi lokal Sportsveräiner sinn de 26. Mäerz an enger Kommissiounssëtzung vun der Entente sportive drop higewise ginn, datt d‘Maison relais d‘Kanner net méi an d‘Veräiner féiere kënnt an datt d‘Veräiner elo no Léisungen siche kéinten.

D’Fro ass, wat dat fir Léisungen si kéinten?

Den Trainer abezéien, Benevolat vun de Elteren, oder de Comités- a Veräinsmemberen a Form vu Pedibus?

An eisen An sinn dat keng Solutiounen: en Trainer muss sech op säin Training konzentréieren a prett sinn, wann d’Kanner kommen. Wéi schwiereg et mam Benevolat ass, wëssen mir alleguer. An da kënnt nach d’Fro vun der Verantwortung derbäi.

Et ass eng wichteg Missioun facultative vun der Gemeng, fir d’Kultur an de Sport ze ënnerstëtzen. Wann mir wëllen, dass eis Kanner Sport maachen, sech beweegen, sech integréieren, musse mir alles dru setzen, grad eis Klengst an d’Veräiner ze integréieren. D’Realitéit ass nu mol, dass déi meescht Elteren zu 2 musse schaffe goen. Op nationalem Niveau gëtt alles dru gesat, d’Kanner an eng Maison Relais ze schécken. Als Gemeng kënnen mir do mat hëllefen, dat alles ënnert een Hutt ze bréngen.

Am Pedagogeschen Konzept vum SEA geet riets vun enger Bildungspartnerschaft a Kooperatioun mat den Elteren, déi an der Kommissioun SEA geschéie sollt. Et ass schued, dass déi Kommissioun fir d‘lescht den 10.03.2021 zesummen komm ass. Op mannst ass de leschte Rapport, dee mir kritt hunn, vun där Reunioun. An enger Kommissioun hätt een mol eng éischte Kéier kéinten op sou e Problem agoen an en diskutéieren an erklären, firwat een op dee Wee wëll goen.

Mir sinn eis bewosst, dass d’Personal aus dem SEA sech op déi pedagogesch Aufgaben soll kënne konzentréieren, déi sech um nationalen Bildungsrahmenprogramm vun der non-formaler Bildung orientéiert. Dat lescht ausgeschafften pedagogescht Konzept 2023-2026 ass eréischt den 01.01.2023 a Kraaft getrueden. An dësem Konzept steet dran, dass d’Kanner op den Trajeten begleet ginn. Huet d’Situatioun sech an deem Joer sou dramatesch geännert? D’Argument (Gemengerot 26.04.2024), dass et eng Rei congés de maternité oder parentaux gëtt, ka jo net gëllen, well dës Congéen missten ersat ginn.

Och steet an dësem pedagogesche Konzept vun der lokaler Vernetzung an enger Kooperatioun „mit den ortsansässigen Sportsvereinen, der Musikschule, der Schule für portugiesische Muttersprache und der lokalen Katechese.“ Dat wier jo dann net méi aktuell.

Och froen mir äis, ob sech vill um Personalschlëssel ännert. Falls keng Solutioun fonnt gëtt, wäerte manner Kanner an d’Veräiner goen an sou méi Kanner am SEA sinn, wat jo dann do sur place méi Aarbecht bedeit. An wann dir sot, dass d’Personal sech op seng Käraufgaben soll konzentréieren, ginn jo awer nach Leit gebraucht, fir déi Trajet an d’Arca ze garantéieren. Eleng fir den éveil musical a dir d‘formation musicale 1 wieren dat schonn 20 Trajeten.

D’Participatioun a d‘Matgestaltung um Wantermaart, Schoulfest, Summerprogramm, Bartreng beweegt sech, Multi-Culti, Zero Waste a Family Day ass sécherlech flott fir d’Kanner. Gehéieren dës Manifestatiounen dann zu den Käraufgaben vum SEA? Oder kéint een do och vläicht bësse Ressourcen an Energie vun de Mataarbechter aspueren, andeems se net nach mussen zousätzlech de Weekend untrieden?

Déi betraffen Elteren sinn net frou an d’Veräiner sinn och net frou.

Mir investéieren als Gemeng a vill verschidden Beräicher, mir finanzéieren 2 Berti Busser fir déi Bartrenger Leit vun A op B ze bréngen. Géif dann net och eng Méiglechkeet bestoen, Leit anzestellen, fir eis Kanner vun A op B ze bréngen. Dat mussen keng ausgebilten Educateuren sinn an et ass och keng 40 Stonnenwoch. Mee et loossen sech jo awer vläicht Leit fannen, déi stonneweis fir sou en Job zur Verfügung stinn. A vill Elteren wieren berouegt ze wëssen, dass hiert Kand net leng duerch d’Duerf leeft an eng Gewëssheet huet dass et och am Veräin ukënnt.

An der DP hirem Walprogramm stoung: „(…) wird die Unterstützung der Vereine weiter verstärkt und zwar finanziell, administrativ, logistisch und medizinisch.“ Ënnerstëtzung geet an eisen An anescht.

D‘Argumenter vum Schäfferot

De Schäfferot huet an der Sitzung vum Gemengerot drop higewisen, datt et vun hirer Säit aus net eng Saach vu Suen a Wëlle wier. Et hätt ee missen déi Decisioun huelen, well einfach net genuch Personal do ass, fir all Trajeten ze assuréieren, („Dat ass e Fakt!“) an da kéint d‘SEA hir Käraufgaben, déi pedagogescher Natur sinn a vum Nationale Referenzkader virgeschriwwe ginn, net méi erfëllen.

Et hätt een e Gespréich mat Elterevertrieder gehat an et wier ee gär bereet, zesumme mat den Elteren no enger Léisung ze sichen. Enger machbarer Léisung géif de Schäfferot sech net verschléissen – am Géigendeel.

Zur Informatioun: Elteren haten eng Petitioun gestart, op där dëst stoung. „À partir de la rentrée de l’année scolaire prochaine, le personnel du SEA n’emmenera plus les enfants aux clubs de sport locaux, au catéchisme et à l’école portugaise. Par la présente, nous demandons les responsables de réfléchir de nouveau à cette décision afin de continuer de proposer ce service pour que les enfants puissent assister aux activités des clubs. » Un all Conseilleren ass eng Mail gaangen mat dësem Inhalt: „Im Anhang schicken wir Ihnen die Unterschriften von fast 130 Eltern von Kindern der Bertranger Schulen zu. Diese Unterschriftensammlung beruht auf einer Initiative von Bertranger Eltern, die es äußerst bedauerlich finden, dass die Mitarbeiter des SEA Bertrange die Kinder ab September 2024 nicht mehr zu den Vereinen der Gemeinde bringen sollen. In den zahlreichen Gesprächen mit anderen Eltern seit dem Bekanntwerden der ersatzlosen Streichung der ‚Trajets‘ wurden sehr viele interessante Ideen geäußert, wie sich die Anzahl der ‚Trajets‘ reduzieren und die Organisation optimieren ließe. Gemeinsam mit Ihnen, dem SEA und den Vereinen können wir gemeinsam sicher Lösungen finden, die ‚Trajets‘ so weit wie möglich beizubehalten, so dass die Kinder die Angebote der Vereine weiter wie bisher wahrnehmen können. Wir freuen uns auf einen konstruktiven Austausch mit allen Beteiligten!“

Weitere Überlegungen unsererseits

Nachdem der Schöffenrat seine Sicht der Dinge dargelegt hat, scheint das letzte Wort noch nicht gesprochen zu sein, auch wenn die DP-Mehrheit gegen die gemeinsame Motion der Opposition stimmte und ihre Entscheidung, die Kinder nur noch zur LASEP und in die Musikschule bis zum Cycle 2 einschließlich zu begleiten, im umgeänderten Règlement interne du Service d’Éducation et d’Accueil de Bertrange mit ihren eigenen Stimmen (gegen die Stimmen der Opposition) verankert hat.

Es sollte in diesem Zusammenhang daran erinnert werden, weshalb die „Maisons relais“ überhaupt entstanden sind. Sie sollen dazu beitragen, dass Berufs- und Familienleben vereinbar sind und dass neben der bloßen Betreuung auch die Entwicklung der Kinder gefördert wird.

Eine genaue Analyse des modifizierten Gesetzes von 2008, des großherzoglichen Reglements von 2013 und des „Cadre de référence national sur l’éducation non formelle des enfants et jeunes“ zeigt übrigens, dass es durchaus auch zu den Kernaufgaben der SEA gehört, die Zusammenarbeit mit lokalen Trägern der Kindererziehung zu suchen und zu gestalten. Im Referenzrahmen heißt es: „Les pédagogues coopèrent avec toutes les personnes et institutions impliquées dans le domaine de l’éducation. En font notamment partie, au niveau de l’éducation non formelle, les familles des enfants et des jeunes, le personnel qualifié externe ainsi que l’école ou les autres institutions (éducatives) locales. (…) Pour les jeunes, c’est l’ouverture à l’espace social, aux autres institutions pour jeunes et aux associations qui se trouve à l’avant-plan“. Als Partner für die Kooperation werden namentlich genannt: „organismes culturels, sportifs, associatifs, ou autre“. Damit sind die Türen geöffnet für die Zusammenarbeit von SEA und den lokalen Vereinen.

Wer dann noch zur Kenntnis nimmt, welche hohen Erwartungen der Referenzrahmen an die SEA richtet, dann wird deutlich, dass die Zusammenarbeit von SEA mit den Vereinen für die SEA sogar eine gewisse Entlastung darstellen kann, darf die SEA doch manche wichtige Erziehungsziele durchaus an andere Träger nicht formeller Erziehung abtreten.

Zu erwähnen bleibt aber auch noch, dass die Oppositionsparteien durchaus einer Reduzierung der Trajets zustimmen, sind sie doch der Meinung, dass ältere Kinder selbstständig bestimmte Wege zurücklegen können. Sie sind allerdings auch der Meinung, dass die SEA die Kinder bis zu einem gewissen Alter (etwa einschließlich bis zum Cyle 3.1) zu den Vereinen begleiten sollte. Dieser Kompromissvorschlag könnte das SEA-Personal entlasten und zugleich den Vereinen und Eltern eine annehmbare Lösung bieten.

Beitrag deelen