Skip to content

De Ruffbus

D’CSV hat an hirem Walprogramm 2011 schonn e Ruffbus proposéiert an duerno méi wéi eng Kéier dës Propositioun am Gemengerot virgedroen. Et huet zimlech laang gedauert, bis e komm ass. Mä zënter dem November 2020 fiert en. An dëse Ruffbus ass e volle Succès ginn! Elo hu mer der schonn zwee. An d’CSV plädéiert derfir, datt méi Destinatiounen ausserhalb der Gemeng kënnen ugesteiert ginn: z.B. d’Kliniken an den Office social, dee seng Büroen zu Capellen huet.

Beitrag deelen