Zum Schluss vun der Gemeinderotssitzung vum 10. Juli 2026 huet de Guy Weirich säi Récktrëtt als Conseiller ugekënnegt – mat dëse Wierder:
Dëst war mäi leschte Gemengerot. Ech wäert meng Demissioun mat Effet vum 24. Juli areechen. No 11 ½ Joer hei am Conseil, an der Halschent vun der Mandatsperiod a mat 77 Joer ass dat fir mech elo ee vertrietbare Moment opzehalen.
Et hat 2011 vill Iwwerzeechungsaarbecht gebraucht, bis ech bereet war, hei zu Bartreng an d‘Politik anzeklammen. Elo muss ech awer soen: Ech wéilt dës Joren, grad wéi aner Etappen a mengem Liewen, net mëssen – dat Positiivt iwwerweit bei wäitem. Et war den Engagement wäert.
Ech wënschen menger Fraktioun, datt si, duerch een neie Mandatsträger oder -trägerin, en neien Elan kritt a weiderhin mat esou vill Häerzblutt hir Aarbecht am Interesse vun eiser Uertschaft wouerhëlt.
Dem ganze Schäffen- a Gemengerot wënschen ech, datt och an Zukunft déi richteg Decisiounen fir Bartreng zum Wuel vun alle Biergerinnen a Bierger getraff ginn. Mat planereschem Wäitbléck – besonnesch wat déi zwee ganz grouss Projeten ugeet: de Quartier a Schwalls an de Projet am Helfenter Dräieck. Ob ech déi nei Gestalt vum Triangle de Helfent nach erliewe wäert, läit net a menger Hand, ech hoffen awer, datt do och eng grouss gréng Erhuelungszon matageplangt gëtt, wou zukünfteg Generatiounen sech gär dran ophalen a Kraaft schäffe kënnen.
An dësem Moment wëll ech eigentlech ganz einfach Merci soen,
– all deenen, déi mir ëmmer erëm hiert Vertraue geschenkt hunn,
– Iech hei am Gemengerot, datt et äis all déi Zäit gelongen ass, am Interessi vu Bartreng wäitgehend un engem Strank ze zéien,
– mä och dem gesamte Personal vun der Gemeng. Ech konnt do ganz vill Engagement fir eis Uertschaft erliewen, och dat wollt ech hei wäertschätzend zum Ausdrock bréngen.
Eng schéi Summerzäit Iech all a maacht et gutt!
De Buergermeeschter Youri De Smet, eis Fraktiounsspriecherin Nadine Schares, de Fraktiounsspriecher vun der DP, Frank Colabianchi, den 1. Schäffen Roger Miller an d’Yolande Schuster vun der LSAP hunn doropshinn dem Guy Weirich seng Aarbecht am Gemengerot mat léiwe Wierder gewürdegt. Dir fannt hei drënner dem Guy Weirich seng Ukënnegung an dräi weidere Sproochen, an och dem Nadine Schares seng Interventioun.
Dem Nadine Schares säi Merci
Guy,
du waars ni een, deen einfach nëmme matgeschwat huet. Wann s du d’Wuert geholl hues, da wousst jiddereen: Elo kënnt eppes, wat gutt preparéiert, duerchduecht a mat Iwwerzeegung virgedroe gëtt.
Däin Häerz huet ëmmer fir d’Kultur geschloen, mee och fir dat Soziaalt. Du hues eis ëmmer erëm gewisen, datt eng Gemeng vill méi ass wéi Budgeten, Reglementer oder Chantieren. Eng Gemeng lieft virun allem duerch d’Mënschen, déi do wunnen – an ëm genee déi Mënschen ass et dir ëmmer gaangen.
Fir d’Biergerinnen an d’Bierger has de ëmmer en oppent Ouer. Du hues nogelauschtert, der Zäit geholl an d’Problemer eescht geholl.
Déng Bäiträg hues de gären mol mat engem Zitat aus der däitscher Literatur beräichert. Dat wäerten mir all e bëssen vermëssen. Et huet gewisen, datt Politik net nëmmen aus Fakten a Paragrafe besteet, mee och aus Kultur, Bildung an e bëssen Nodenken.
Et gëtt e schéint Wuert vum Goethe: „Es muss von Herzen kommen, was auf Herzen wirken soll.“
Ech mengen, dat passt ganz gutt op dech. Däin Asaz war ëmmer éierlech, authentesch an aus Iwwerzeegung. Du hues dech agesat, well dir eis Gemeng an hir Awunner um Häerz louchen.
Am Numm vun eiser Fraktioun soe mir dir e grousse Merci. Merci fir däin Asaz, fir deng Verlässlechkeet, fir déi vill gutt Iddien an och fir déi flott Zesummenaarbecht iwwer all déi Joren.
Mir wënschen dir elo virun allem Gesondheet, vill Zäit fir alles, wat s du gären méchs, fir deng Famill déi lo bëssen méi grouss ginn ass.