Skip to content

absolut Bartreng – Froen un de Schäfferot vum Marc

Eise Conseiller Marc Rauchs huet e puer Froen zum ABSOLUT BARTRENG un de Schäfferot geriicht.

Mat dësem Schreiwe loossen ech Iech eng Rei Froen zoukommen a bieden Iech, se an der nächster Gemengerotssitzung de 5. Juli 2024 ze beäntwerten:

Nodeems de Concert Absolut Bartreng ausverkaaft war, sinn nach Busse mat der Reklamm gefuer.

E Samschdeg goufen och nach Tickets ob RTL Radio verspillt.

– Wat kascht déi Reklamm op RTL fir dësen Concert?

– Wat kascht déi Reklamm op de Busse fir dësen Concert?

– Kéint een sech déi Suen net spueren, bei engem Concert, deen esou ugeluecht ass, dass en ëmmer séier ausverkaf ass?

Et ginn och bei aner Eventer ewéi dem Family Day Reklamm ob Busse gemaach.

– Muss een do wierklech iwwert Bartreng eraus Reklamm maachen?

– Gifen déi sozial Medien an d‘Reklamm zu Bartreng selwer net och duer goen?

 Merci am viraus fir Är Äntwerten an Är Erklärungen.

PS Op dës Froe gëtt de Schäfferot eng schrëftlech Äntwert. Affaire à suivre!

Beitrag deelen