Skip to content

Aus dem Gemengerot

2. Stellungnahmen der CSV-Gemeinderäte in der Sitzung vom 27. Oktober 2023

Unsere Gemeinderäte meldeten sich u.a. bei folgenden Punkten der Tagesordnung zu Wort:

A. Zusammensetzung der Commission vivre-ensemble interculturel

Der Schöffenrat hatte folgende Zusammensetzung vorgeschlagen:

Hierzu wollte Guy Weirich wissen, wie die nicht in Bartringen Wohnenden, aber hier Arbeitenden über die Möglichkeit, ihre Kandidatur einzureichen, informiert würden. Er plädierte zugleich dafür, dass auch Personen, die aus Nord-, Ost-, und Südost-Europa stammen, vertreten sein sollten. Hier seine Ausführungen im Wortlaut.

Fir däitlech ze maachen, wourëm et mer geet, erlaabt mer, datt ech e bësschen an d‘Geschicht zréckkucken: 2000 hate mer eng Auslännerkommissioun:do waren nieft de 5 Lëtzeburger och 5 Auslänner dran: aus 5 verschiddenen Nationalitéiten: franséisch, italienesch, portugiesesch, hollandesch an däitsch (déi deemools net am 1. Ulaf besat ginn ass).2005 huet d‘Gemeng een Appel gemaach fir 5 non-luxembourgeois (ouni Vorgaben). 2012 koum mam Gesetz vum 15.11.2011 d‘Integratiounskommissoun an do ass vun der Gemeng een Appel gemaach ginn aux citoyens des différentes communautés linguistiques. Am Gemengerot vum 17. Novemer 2017 hu mer déi Kompositioun festgehalen, déi elo als Propositioun nach mol presentéiert gëtt: nieft de Lëtzebuerger Persounen 2 Francophoner, 1 Germanophone, 1 Anglophone an eng Net-EU. Dëst Joer ass een neit Gesetz komm an d‘Kommissioun huet den Numm geännert: Commission Vivre-ensemble interculturel. Et war an dësem Dossier also ëmmer scho Beweegung dran – op gesetzlechem Plang an och op Gemengeplang. Et gouf de Verännerungen an der Gesellschaft Rechnung gedroen. Nom Brecht sengem Galilei: „Da es so ist, bleibt es nicht so.“ Esou wéi an der Vergaangenheet och op Gemengenniveau Upassungen un der Zesummesetzung vun der Kommissioune virgeholl goufen, misst een elo d‘Kompositioun och nei op de Leescht huelen, op d‘manscht driwwer nodenken an et bespriechen. Den 1. Volet vun menge Froen bezitt sech op déi nei Bestëmmung, datt och Net-Residenten sech mellen kënnen: Déi 1.: Wéi gedenkt de Schäfferot, déi Net-résidents ze informéieren? Déi 2.: De Gesetzgeber geet jo wuel dervun aus, datt Net-Residenten e wichtege Beitrag zum Vivre ensemble leeschte kënnen. Perséinlech gesinn ech dat och, well een doduerch een anere Bléck fir eis Gemeng a fir eist Zesummeliewen kréie kënnt. Misste mer deemno als Gemeng net proaktiv kucken, fir dat net nëmmen esou allgemeng ze kommunikéieren, mä carément eng Place fir een Non-Résident virgesinn? Den 2. Volet: Ech ginn dervun aus, datt dës Kommissioun, wéi an der Vergaangenheet, probéiere soll, eis Populatioun iergendwéi erëmzespigelen. D‘Populatioun ass gewuess an d‘Zesummesetzung huet geännert. Ech hunn d‘Zuelen vun eiser Populatioun mam Datum vum 25. Oktober, also virgëscht, hei viru mer leien. Mir hunn deemno hei zu Bartreng 45,98 % Lëtzebuerger*innen a 54,02 % Net-Lëtzebuerger*innen. Meng 1. Fro: Wat fir eng Schlussfolgerung zéie mir doraus fir d‘Kompositioun vun dëser Kommissioun? Bei eiser Propose fir d‘Zesummensetzung hei hu mer zwee verschidde Kritären: 1x ee linguisteschen an 1 x ee geographeschen (Pays tiers, wat verstanen ginn ass, als Net-EU-Persoun). Nom Brexit gehéieren d‘englesch Native-Speaker elo och zu de pays tiers). Mir hunn e groussen Undeel vu EU-Persounen aus Südost-, Ost- an Nordeuropa bei aus. Ech schwätzen hei vun 834 Leit. Meng 2. Fro ass: Kann een dervun ausgoen, datt déi sech ugeprach fillen, wa mir ee Germanophon an een Anglophon sichen? Konkret: Wéi gi mer mat dësem grousse Grupp ëm?

Nach der nun folgenden Diskussion verblieb der Gemeinderat so, dass bei der Ausschreibung auf die beim Vorschlag in Klammern angegebenen Hinweise auf Nationalitäten abgesehen wird, dass die Kandidaturen abgewartet werden und dass der Gemeinderat dann versucht, der Zusammensetzung der Bevölkerung weitestgehend Rechnung zu tragen.

B. Vereinssubsidien

Marc Rauchs erklärt, dass die CSV Bartringen die Vereinssubsidien mitstimmt, da diese eine alljährliche wichtige Unterstützung unserer Vereine darstellen. Dieses Jahr mussten die Vereine aber lang auf die Auszahlung warten. Sicherlich hatten auch die meisten Vereine Verständnis, dass die Auszahlung nach Wahlen, Ferien, erneuten Wahlen, der Ernennung der Mitglieder des neuen Gemeinderates und der Nennung der Mitglieder der Finanzkommission, etwas Zeit nahm. Bedauerlich ist aber, dass genau diese Finanzkommission die Subsidien dieses Jahr dann nicht beraten konnte. Marc Rauchs fordert, dass dies in einer nächsten Sitzung nachgeholt wird und dabei besonders die Evolution der Subsidien beobachtet wird, um zu erfassen, wie einige Vereine vor und nach den „Corona-Jahren“ und nach der neuen Bewertungsmethode der Gemeinde unterstützt werden. Geld sei aber nicht alles. Unsere Vereine brauchen regelmäßig die Unterstützung der Gemeinde bei Ihren Veranstaltungen. Die Gemeinde selbst solle auch nicht gleiche oder ähnliche Veranstaltungen mit Gemeindebudget und Gemeindepersonal organisieren und somit Vereinen indirekt Konkurrenz machen.

Guy Weirich führte dies aus: Et geet hei natierlech an 1. Stell ëm gewëss Zommen, déi no bestëmmte Kritären ausgerechent a verdeelt ginn, an iwwer déi d‘Veräiner normalerweis ganz frou sinn an déi jidderee gär entgéinthëlt, och wann deen oder anerer sech mol méi erhofft. Mir geet et ëmm eppes aneres. Déi Montanten soen nämlech zougläich eppes iwwer eis Veräiner aus. 1. E Veräin ass duerchgestrach. Deen hält op. Et ass zoudeem nach e soziale Veräin. Dat kann een eigentlech nëmme ganz déif bedaueren. Erlaabt mer awer, datt ech hei deene puer Persounen, déi dëse Veräin zënter Joren mat ganz vill Engagement geféiert hunn, meng grouss Unerkennung ausdrécken. All Veräin, deen ophält, ass ee Verloscht fir eis Gemeng. An de Foyer de la Femme ass net deen 1. an dëser Serie: Et ass elo den 3. Veräin, dee mir an de Kapp kënnt: d‘Amiperas an d‘Chorale Amitiés hu schon virun enger Rei Joren opgehalen – De Grond ass 3x deeselwechten: Et sinn net genuch Leit do, gewierscht, déi de Veräin viruféieren. Domat si mer als 2. Bemierkung beim Benevolat ukomm. Do geet natierlech ëm gesellschaftlech Entwécklungen, ëm e Mentalitéitswandel. Et ass och en nationale Problem; ech denken un e puer Gesetzer, déi virun de Walen nach séier duerch d‘Chamber gaange sinn an déi de Benevoler d‘Aarbecht fir de Veräin méi schwéier maachen. Do sinn da vill Leit iwwerfuerdert a si hunn d‘Flemm. Duerfir soen ech: An dëser Legislaturperiod musse mer d‘Käpp zesummesträcken, fir ze kucken, wéi kann ee Veräiner wierklech hëllefen. Een 3. Punkt nach. Ech stelle fest, datt bei de kulturelle Veräiner (Kaméidi – Musek – Just Music) global gesinn – manner Suen fir d‘Jugendaarbecht verdeelt ginn. Dat weist drop hinn, datt an deene Veräiner manner Jonker ënner 16 Joer ze fannen sinn. Dat Positiivt: Do si Jonker an de Grousse Veräin eropkomm, déi aner Säit. Den Nowuess geet zréck. Dat ass een weidere Punkt, deen engem Suerge maache kann, well doduerch den Nowues feelt an d‘Zukunft vun dëse Veräiner hypothikéiert gëtt.

PS Die Stellungnahmen unserer Fraktionssprecherin werden demnächst auch hier veröffentlicht.

  1. MEHR PARTIZIPATION UND MEHR TRANSPARENZ

Die Opposition ergreift bereits in der ersten Sitzung Initiativen.

Im Vorfeld der Gemeinderatssitzung vom 11. Juli 2023 hatten die drei Oppositionsparteien (CSV, Déi Gréng und die LSAP) einen Antrag gestellt, in dem sie u.a. ein Livestreaming der Gemeinderatssitzungen vorschlugen. Die DP zeigte sich dieser Idee gegenüber aufgeschlossen, listete aber zahlreiche Bedenken auf und verwies auf ungeklärte Fragen. Nach längerer Diskussion einigten sich alle Parteien darauf, die Modalitäten der Umsetzung dieser Idee in der Kommission Projets communaux zu erörtern und die praktischen Probleme gemeinsam zu lösen. Den gemeinsamen Antrag der Opposition, den die Fraktionsvorsitzende der CSV Nadine Schares einreichte, steht unten zum Download bereit.

Einstimmig angenommen wurde auch der Vorschlag der CSV die Anzahl der Mitglieder in den beratenden Kommissionen von 9 auf 13 zu erhöhen. Unser Argument: Die von allen gewünschte stärkere Teilnahme der Bürgerinnen und Bürger könnte auf diesem Weg bereits ein Stückchen in die Wege geleitet werden. Das ist ein wichtiges Signal für die neue Legislaturperiode.

Mehr Transparenz

Eine Initiative der Opposition