Meckerkëscht

E Bréif vum 19/09/2017

Säit Méint as den Zoustand vun de Veloen “Be Bike” einfach nëmmen lamentabel an de System fonktionnéiert zum gréissten Deel iwerhaapt nët. Beispill haut de Moien : Vun deenen 8 Veloen déi virun der Gemeng stoungen, as keen ( !!) gaangen. Bei 3 as den Display nët ugaangen, d.h. keng elektresch Ënnerstetzung. Bei 3 aaner as den Display zwaar ugaangen, mais soubal een lasspedaléiert huet, waar do och keen Elektresch méi do. Déi aaner 2 waaren nët benotzbar well bei deem engen 1, bei deem aaner 2 Pneuen komplett platt waaren. Resultat: alt erëm mam Auto op d’Schaff! Daat do as mer schons e puer Mol geschitt an et as schons eng Zäitchen hier datt ech e Velo kruut deen fonktionnéeiert huet.

Insgesamt sin d’Veloen an engem ganz schlechten Zoustand, et gesäit een datt do get null Entretien gemaat get. Bei baal all Velo as net genuch Loft an de Pneuen, et sin Aartecher dran, d’Luuten fier owes ze fueren gin nët méi…
Ech fannen ët onverantwortlech, sëch mat “Mobilitéit” an der Gemeng ze bretzen an dann de Bartrenger Bierger esou e geféierlechen Schrott dohinnerzesetzen.
Un d’Adress vum Schäfferoot: Schaaft de Be Bike oof oder këmmert Iech uerdentlech dorëms w.e.g. Déi “Mogelpackung” as einfach nëmmen lächerlech…a geféierlech.

Léiw Gréiss
NN (Den Auteur vum Text hat säin Numm uginn, wëll awer virun der Ëffentlechkeet anonym bleiwen.)