Et ass eng gutt Traditioun vun der CSV-Bartreng, fir Quetschekraut ze kachen an ze verkafen. Grad elo an der Wahlkampagne ass et wichteg, fir mat Iech, de Bartrenger Leit a soss Bekannten an Interessenten, an d’Gespréich ze kommen. Duerfir invitéiere mir dëst Joer net nëmmen op eise Verkafsstand. Dir sidd och häerzlech invitéiert, laanscht ze kommen, wann d’Quetschekraut gekacht gëtt. Um Flyer, deen ...
CSV Bartreng
D’Lëscht gouf ugeholl
3. August 2017: An der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der CSV Bartreng ass d’Lëscht eestëmmeg ugeholl ginn. D’Biller vun de Kandidatinnen a Kandidate fannt Dir an der Rubrik Gemengewahlen 2017. Hei elo mol Prezisiounen zou de Kandidatinnen a Kandidaten. Kandidaten 2017
Claude Wiseler zu Bartreng
Kompetent, sympathesch, dynamesch! Virun engem diskussiounsfreedege Publikum huet de Claude Wiseler de 6. Juli seng Iddien zur nationaler a kommunaler Politik virgedroen an op déi vill Froen mat ganz vill Iwwerzeechung geäntwert. Op de Fotoe gesidd Dir de Claude Wiseler an der Schauwebuerg an Aktioun an dann och zesummen mat engem Deel vun deene Leit, déi deen Owend derbäi waren.
Generalversammlung mit Mitgliederehrung und Referat von Laurent Mosar
Anlässlich unserer ordentlichen Generalversammlung, die vor kurzem unter dem Vorsitz unseres Präsidenten Carlo Lux stattfand, wurden einige Mitglieder für langjährige Unterstützung und Mitgliedschaft geehrt: Diane Rauchs-Stieber (25 Jahre), Gaby Disewiscourt-Steinmetzer und Nico Even (je 30 Jahre) sowie Nicole Niedner-Gutenkauf, Mado Nilles-Funck und Guy Weirich (je 40 Jahre). Der außenpolitische Sprecher der ...
Laurent Mosar. Den Invité no der Generalversammlung
Notre Assemblée Générale sera suivie à 20h15 d’un exposé de notre invité, M. Laurent Mosar Sujet : Quo vadis Europa an EU: déi grouss Erausfuerderunge vun der europäescher Politik. Le député a esquissé le sujet de la manière suivante : « Zukunft vun der EU um Hannergrond vum Opkommen vu populisteschen Tendenzen, vu Brexit, Flüchtlingspolitik a gemeinsamer Verdeedegungspolitik »
CSV Soirée mam Diane Adehm
Fir den 31. Januar, owes um 20 Auer, invitéiert d’CSV Bartreng an de Centre Jean-Paul II op eng kleng Feier. All Intressente si wëllkomm. Deen Owend hu mer d’Freed, d’Madame Diane Adehm, d’Presidentin vun der CSV am Bezierk Zentrum, an eiser Mëtt ze hunn.
Flyer zou de Feierdeeg
An der Woch viru Chrëschtdag hu mer, wéi et schonn zënter Jore gemaach gëtt, ee Flyer verdeelt, fir alle Leit zu Bartreng schéi Chrëschtdeeg an e glécklecht Neit Joer ze wënschen.
Gemengewalen – Lancement
E Samschdeg, de 26. November 2016, war d’CSV zesummen, fir de Lancement “Gemengewalen 2017”. D’Sektioun Bartreng war vertratt vun hirem President, dem Carlo Lux, dem Liliana De Feudis an hirem Sekretär Guy Weirich. De Sall war ze kleng, esou vill Memberen hate sech afonnt fir dëse Startschoss. Et heescht elo: mat Energie an Dynamismus d’Erausfuerderung opgräifen.
Formatioun
D’Nadine Schares an de Guy Weirich vun eiser Sektioun hunn deelgeholl un enger Formatioun, déi vun der CSG offréiert gouf. Den Här Charles Lampers, fréieren Distriktskommissär, huet wichteg Froen am Zesummenhank mat de Gemenge behandelt an ass besonnesch op d’Aufgabe vun de Gemengen agoen. Dës Formatioun war den 22. Oktober an hat eng ganz Rëtsch Leit ugezuchen. Si war ganz instruktiv an huet ...
Den neien “Op de Punkt” gëtt verdeelt
An dësen Deeg kritt Dir eisen Oktober-Op-de-Punkt an d’Haus geliwwert. Dir kënnt en elo awer och schonn als PDF hei liesen: op-de-punkt-bertrange_def D’Themen: Klimapakt Bartrenger Kierch Schoulhorairen Informatiounen L’arroseur arrosé Mir wënschen eng gutt Lecture! A wéi sot een Här, deen dës neit Blat entgéint geholl huet: “Ah, d’CSV! D’CSV ass do fir Iech ...