De Carlo Lux, dee vun 2005 u fir eis Partei am Gemengerot war, huet säi Mandat niddergeluecht, fir datt d‘Nadine Schares noréckele kann. No de leschte Walen konnt d‘Nadine säi Mandat, wéinst der familiärer Bezéiung am 2. Grad mam Carlo, net direkt unhuelen. Dat geschitt awer elo. Dem Carlo gëllt eise Merci, an dem Nadine wënsche mir vill Erfolleg a sengem Engagement fir Bartreng!
CSV Bartreng
Politesche Staminee
Einmischen erwünscht! Mir invitéieren Iech op en Austausch, samschdes, den 9. Oktober, vun 9h00 bis 11h30 am Centre Jean-Paul II (2D, rue de la Fontaine). Am Kader vun engem „Politesche Staminee” ënnert dem Thema „Einmischen erwünscht” schafe mir eng Plaz, wou Dir Iech aktiv abrénge kënnt a gehéiert gitt. Do ass Plaz fir Är Ureegungen, Är Wënsch, Är Iwwerleeungen an Iddien, awer och fir déi Saachen, déi ...
KONFERENZ VUN DEN DEPUTÉIERTE Marc LIES a Paul GALLES
De 5. Juli 2021, um 19:30 Auer, geet et ëm de Sujet „Wunnengsmaart schaaft soziaalt Ongläichgewiicht”. D‘Deputéiert Marc Lies a Paul Galles maachen am Festsall vum Centre Atert eng Analys a schwätzen iwwer dës Aspekter: Wee wunnt wéi? Locatairen, Proprietären. Sozialwunnengen, Eegenheemer Wat ass Aarmut? Woufir mécht Wunnen arem? Déi zwee Conferenciere presentéieren d‘Léisungsvirschléi vun der CSV a stelle ...
Quetschekrautverkaf
Wéi et Traditioun ass, verkafe mir e Samschdeg, den 3. Oktober, vu 7 Auer u beim Bäcker zu Bartreng Quetschentaarten an hausgemaache Quetschekraut. Den Erléis geet integral un eng Hëllefsorganisatioun. Ënnerstëtzt dëst Initiativ! Kommt bei eise Stand!
Europadag
Zesumme mat der CSV Stroossen sollt et dëst Joer eng zweet Editioun vum Europafest, den 9. Mee, ginn. Dëst Fest, dat d‘lescht Joer e ganz grousse Succès hat, huet wéinst der Pandemie missen ofgesot ginn. Duerch d‘Pandemie ass Europa leider e bësschen ënner d‘Rieder komm. Grenze sinn zougemaach ginn. Vill Länner kucke just no sech. Dat ass net gutt. De Jean-Claude Juncker huet et op de Punkt bruet. Hien huet vun ...
Nadine Schares – Kandidatin fir d’Chamberwahlen
D’CSV Bartreng ass immens frou, datt si, elo nom CSV-Konvent, an hire Reien eng Kandidatin fir d’Chamberswahlen am Oktober huet. D’Nadine gehéiert zu deenen Kandidatinnen, déi de Beweis derfir sinn, datt d’CSV et fäerdeg bréngt, sech ze erneieren. Mir begréissen, datt et op der CSV Lëscht vum Zentrum erëm eng Kandidatin aus der Gemeng Bartreng gëtt. D’CSV hat bäi de leschte ...
Schecküberreichung und Mitgliederehrung
Am 31. Januar 2018 überreichte die CSV Bartringen, in ihrer Generalversammlung, der Vereinigung „Pour la Vie Naissante“ einen Scheck in Höhe von 1000 Euro, dem Erlös aus dem traditionellen Verkauf von „Quetschekraut“ im Herbst. Zugleich hatte die CSV Bartringen die große Freude, zwei Mitglieder besonders ehren zu können: Herrn Jean-Pierre Pletsch für 70 Jahre und Frau Mado Nilles-Funck für 40 Jahre ...
Flyer fir Chrëschtdag an dat Neit Joer
An dësen Deeg viru Chrëchtdag verdeele mer e Flyer mat eise Wënsch fir d’Feierdeeg an dat Neit Joer.
MERCI!
Heimat soe mir eise Wielerinne a Wieler Merci! Mir konnten eis 3 Sëtz halen, hunn äis allerdéngs net verbessert an hunn domat och eist Wahlzil, an de Schäfferot ze kommen, net erreecht. Domat huet de Wieler äis weiderhinn d’Roll an der Oppositioun zougedeelt, déi mir dann och weiderhin op eng konstruktiv Aart a Weis weiderféiere wëllen. Der DP hu mir gratuléiert. Un hinnen ass et elo, d’Geschécker ...
Drei Gründe, die CSV zu wählen
Dir fannt hei, ganz kuerz presentéiert, dräi Grënn, firwat een d’CSV Bartreng wiele soll. Wien äis wierklech stäerke wëll, dee biede mer, de Krees op der Lëscht 3 ze schwärzen oder seng 13 Stëmmen op d’CSV-Kandidatinnen a Kandidaten ze verdeelen. Nëmmen esou besteet d’Chance, datt d’CSV Bartreng gutt bei de Wahlen den nächste Sonndeg ofschneid. Merci am Viraus! Hei fannt Dir eise ...