CSV an der Gemeng

Chrëschtfeier fir Senioren

Op der Chrëschtfeier, déi d’Gemeng de 17. Dezember fir déi eeler Matbiergerinnen a Matbierger organiséiert hat, huet d’Liliana De Feudis gehollef de Service ze maachen. D’Liliana war Member vun der fréierer Kommissioun Senior an ass Member vun der neier Kommissioun, déi elo den Numm 50+ dréit. Um Bild gesäit een d’Liliana zesumme mam Marie-France Bemtgen a Guy Weirich.

Weider liesen

Personalfeier vun der Gemeng

E Freidegowend, de 15. Dezember, wor d’Personalfeier vun der Gemeng, op där eng Rei Leit geéiert gi sinn. Dorënner och de laangjähregen CSV-Conseiller Marc Rauchs. Um Bild gesi Dir hien mat den dräi aktuellen CSV-Conseilleren.

Weider liesen

Gemengerot den 8. Dezember

An der Gemengerotssitzung vum 8. Dezember gouf d’Schäfferotserklärung diskutéiert. D’CSV Fraktioun huet d’Geleeënheet genotzt, fir d’Schäfferotserklärung mat eisem Wahlprogramm ze vergläichen. Dobäi ass, an der Prioritéitslëscht, e grousse Konsens mat der Majoritéit zum Virschäi komm. Déi Projeten wäert eis Fraktioun ënnerstëtzen, si behält sech awer vir, genee ze iwwerpréifen, wéi déi ...

Weider liesen

Nei am Gemengerot: Marie-France Bemtgen-Jost

Marie-France Bemtgen-Jost stellt sech vir A mengem Beruff sinn ech gewinnt op d’Mënschen duer ze goen, en oppent Ouer ze hunn fir hier Suergen an hier Uleies. Och a menger Fräizäit sinn ech sozial engagéiert. Ech setze mech a fir déi Mënschen, déi et an eiser Gesellschaft besonnesch schwéier hunn. Esou sinn ech z.B. aktiv an engem Projet mat Flüchtlingen a bei de Gehörlosen. An der Politik soll dëst net anescht ...

Weider liesen

Vereedegung vun de Conseilleren

E Mëttwoch, de 15. November 2017, sinn op der Bartrenger Gemeng d’Conseillere vereedegt. Vun der CSV sinn dat dës Gewielten: Carlo LUX Guy WEIRICH Marie-France BEMTGEN-JOST. D’Marie-France BEMTGEN-JOST ass amplaz vum Nadine SCHARES derbäi, dat als 3. gewielt gi war, mä weenst Inkompatibilitéit säi Mandat net unhuele kann. D’Nadine Schares ass, par alliance, ze no Famill mam Carlo Lux. Am ...

Weider liesen

Erfolge unserer Oppositionsarbeit

Die DP denkt um und schließt sich Forderungen der CSV an – in Sachen Helfent und Strukturen für Senioren. Seit Samstag, dem 9. September, ist es offiziell. Der Bürgermeister verriet dem Luxemburger Wort im Blick auf Helfent: “In 25 Jahren wird es dort sicher eine Schule und eine ‘Maison relais’ geben.” CSV-Vertreter waren schon lange dieser Ansicht; sie wollen jedoch nicht noch 25 ...

Weider liesen

Mobilité durable

De 7. Juni war an der City Concorde zu Bartreng d’Inauguratioun vun enger Ausstellung zur Mobilité durable a Presenz vum Minister vum Développement durable et des Infrastructures. Dës Ausstellung dauert vum 7. bis de 17. Juni an et kann ee sech doriwwer informéieren, wéi een am beschte seng Deplacementer organiséiere kann. Si ass organiséiert ginn vun der City Concorde, vum zoustännege Ministère, dem ...

Weider liesen

Place du jumelage – Aweiung

D’CSV war op der Aweiung vun der Place du jumelage am Kader vun der Visite vun der Delegatioun vu Santa Maria Nuova. Et gouf zougläich den 20. Anniversaire vun dësem Jumelage gefeiert.

Weider liesen

D’Lydia an d’Liliana op der Chrëschtfeier

Op der Chrëschtfeier, der “Feier fir eis eeler Matbierger”, déi vun der Kommissoun Seniors organiséiert gëtt, hunn och eis zwou Vertriederinnen an där Kommissioun gehollef. Um Bild gesidd Dir d’Lydia Schmitt-Moos an d’Liliana De Feudis.

Weider liesen