Den 13. Oktober 2016 war, op eis Initiativ hin, e Grupp op Besuch am Europaparlament zu Bréissel. Mir goufen an Emfank geholl vum Frank Kuffer an haten eng gutt Entrevue mat eiser Europadeputéiert Viviane Reding. Si huet äis iwwer hier Aarbecht verzielt, Froe beäntwert an dobäi Ablécker ginn op d’Erausfuerderungen, déi sech fir Europa stellen.
Mir haten bäi der Besichtigung och nach Gléck an deem Sënn, datt de Plenarsall net eidel war. Hie war gutt gefëllt mat Entrepreneuren aus ganz Europa an esou konnte mir den Ufank erliwen vun dëser internationaler Konferenz.
Bäim Mëttegiessen, datt super war an äis vun der Deputéiert Viviane Reding offréiert gouf, hate mer du och nach d’Geleeënheet, kuerz Bekanntschaft mat der Lëtzbuerger Wirtschaftsdelegatioun ze maachen an zwee weider Deputéiert aus Lëtzebuerg ze gesinn.
E weidere Lëttzebuerger, de Romain Strasser, deen zënter 30 Joer fir d’Europäesch Vollekspartei schafft, ass elo Chef vun deem ganze Personal, dat fir d’EVP bäim Parlament schafft. Hien huet äis vu senger Aarbecht als Personalchef an als Beroder fir d’koreanesch Hallefinsel verzielt.
Mat engem Spazéiergank an den Zentrum vu Bréissel ass dëse flotten Dagesausfluch ofgeschloss ginn. Visitors group Viviane REDING
D’CSV war op der Aweiung vun der Place du jumelage am Kader vun der Visite vun der Delegatioun vu Santa Maria Nuova. Et gouf zougläich den 20. Anniversaire vun dësem Jumelage gefeiert.
Eise Quetschekrautverkaf fir Télévie war ee grousse Succès. Schon um 10 Auer waren eis zwee Kessele Quetschekraut verkaf. Zum Gléck gouf et nach Taarten a Berliner. Eng Rëtsch Leit hunn och d’Spuerbéckse geholfe fëllen. Villmools Merci alle Leit, déi an Täsch gegraff hunn a sech 1 oder méi Glieser Quetschekraut mat heem geholl hunn. Déijéineg, déi extra laanscht komm sinn, fir Quetschekraut ze kafen a leider keent méi krut hunn, biede mir ëm Entschëllegung. Merci eiser CSV-Equipe, déi vill Stonnen investéiert huet, fir d’Quetschen opzemaachen an ze kachen. Merci rtl-Radio fir déi formidabel Reklamm zougonschte vun eisem Fest a besonnesch zougonschte vun Télévie.
L‘année passée le ramassage scolaire ne fonctionnait pas encore pour les enfants fréquentant les cours du cycle 1 précoce. Cette année-ci c’est possible ! Le C.S.V. s’en réjouit.
En effet, dans la séance du conseil communal du 11 juin 2015 le conseiller Guy Weirich avait confronté le collège des bourgmestre et des échevins avec la demande de parents désirant profiter de ce service. À ce moment-là, les représentants de la coalition ont avancé plusieurs objections, notamment l’argument concernant le manque de sécurité. Le C.S.V. se réjouit du revirement des responsables. C’est un bel exemple d’une collaboration entre majorité et opposition dans l’intérêt de la population.
Auch die Kinder des Zyklus 1 Früherziehung (Précoce) dürfen ab diesem Schuljahr den Schulbusdienst nutzen. Die CSV begrüßt das.
In der Gemeinderatssitzung vom 11. Juni 2015 hatte der CSV-Rat Guy Weirich dem Schöffenrat die Frage gestellt, ob die Möglichkeit bestünde, dass auch Vorschulkinder vom Schulbusdienst profitieren könnten. Es gäbe eine gewisse Nachfrage bei den Eltern. Damals wurden aus den Reihen der beiden Majoritätsparteien gleich eine ganze Reihe von Gegenargumenten vorgetragen. Besonders aus Sicherheitsgründen könnte diesem Wunsch nicht entsprochen werden. Jetzt wurde der Schulbusdienst ausgedehnt.
Über diese Entscheidung freuen wird uns mit den Eltern, die diesen Wunsch seit langem geäußert haben und die ihre Kinder reif genug dafür halten. Manchmal werden diese Kinder ja auch von älteren Geschwistern begleitet. Die Sicherheitsfragen dürften demnach geklärt sein. Dass der Schöffenrat Impulse aus den Reihen der Opposition aufgreift, zeigt, dass es zwischen Mehrheit und Opposition immer wieder Gemeinsamkeiten gibt und dass der ganze Gemeinderat vom Wunsch getragen ist, den Erwartungen der Bürgerinnen und Bürgern gerecht zu werden.
Den 12. Mee 2016 hu Spëtzepolitiker vun der CSV zou Stroossen mat de Bierger diskutéiert. Hei eng kleng Auswiel vun de Fotoen! Vun der CSV-Bartreng kënnt Dir d’Mariette Elsen-Origer an d’Liliana de Feudis entdecken.
Was ist los im Shared Space? An der Pflasterung wird dauernd herumgebastelt. Platten scheinen sich zu senken und zu heben. Immer wieder sieht man Arbeiter sich an der Pflasterung abmühen?
Lampenmasten werden ersetzt. Nach Unfällen?
Der Stamm eines Baumes ist unten weg gesägt worden. Grund?
An der Ecke zur rue de Mamer stehen 4 Steine mit einem Verkehrsschild.
Blumenkübel häufen sich und werden selbst auf dem Bürgersteig angebracht. Sollen damit die Autofahrer diszipliniert werden? Oder soll etwas mehr Farbe in die Begegnungszone kommen?
Woran liegt es? Planungsfehler? Schlechtes Material? Schlechte Ausführung?
Was wird bloß aus dem zum Juwel erhobenen Zentrum?
Den neien “Op de Punkt” ass do an dierft och scho verdeelt sinn. Et gëtt Iwwerléungen zou de Finanzen an iwwer eng Rëtsch Uleies vu Bartrenger Bierger an Dir gesidd och eis Vertrieder an deene verschiddene Kommissiounen – mat Foto! Hei fannt Dir elo och de PDF vum “Op de Punkt”. Op de Punkt-Bertrange_Januar_2016