Drei Gründe, die CSV zu wählen

Dir fannt hei, ganz kuerz presentéiert, dräi Grënn, firwat een d’CSV Bartreng wiele soll. Wien äis wierklech stäerke wëll, dee biede mer, de Krees op der Lëscht 3 ze schwärzen oder seng 13 Stëmmen op d’CSV-Kandidatinnen a Kandidaten ze verdeelen. Nëmmen esou besteet d’Chance, datt d’CSV Bartreng gutt bei de Wahlen den nächste Sonndeg ofschneid.

Merci am Viraus!

Hei fannt Dir eise Wahlprogramm ausféierlech a verschiddene Sproochen.

Bartrenger Bierger übe Kritik

An de leschten Deeg hu sech eng Rei Matbierger zu Wuert gemellt an net mat Kritik gespuert un där Politik, déi hei an der Gemeng gemaach gëtt.

Ass dat d’Spëtzt vun engem Äisbierg? Ass d’Onzefriddenheet méi grouss, wéi ee mengt?

Do war dee Bréif un d’Redaktioun vum “Wort”, an deem en Här schaarf Kritik übt a Bartreng derzou oprifft, sech ze beweegen.

Do huet äis e Message erreecht, deen een an eiser Meckerkëscht noliese kann.

Do ass gëschter, den 21. September, eng Mail ukomm, wou dëst dra steet: “Ech fannen d’Brochure vun der Gemeng , finanzeiert vun der Kollektiviteit skandaleis!! Daat ass jo Facebook Niveau vun der schlechtester Zort! Ech hoffen, dass dir als Csv dorobber reageiert… esou eppes hun ech esou guer zu (xxx) nie erlieft!”

Just zum leschte Message: Musse mir wierklech reagéieren? Musse mir elo op déi déck Tromm schloen?

Mir mengen: D’Leit versti ganz gutt, wat do leeft! Esou eng Broschure huet den Zweck, d’Majoritéit an e schéint Liicht ze stellen. Et ass jidderengem kloer, datt do keng negativ Saachen iwwer d’Projeten dra stoe kommen, mä d’Leit gesinn se a si erliewen se. Déi Reaktiounen, déi hei uewen opgezielt gi sinn, sinn do ganz däitlech. D’Leit verstinn och, datt et bäi den Daumen (erop , erof) just drëm geet, der Oppositioun eng auszewëschen. Si wëssen awer och ganz gutt, datt et d’Aufgab vun enger Oppositioun ass, op Problemer opmierksam ze maachen an Neen ze soen, wann hir Awänn net berücksichtegt ginn.

Iwwregens! D’CSV-Gemengeréit si, wat d’Broschür ugeet, iwwer déi mer nach aner Reaktioune kritt hunn, just gefrot ginn, fir eng Foto ofzeginn. Si hunn d’Broschür net am Viraus ze gesi kritt. Si sinn deemno och net fir den Inhalt verantwortlech ze maachen!

Eise Programm steet

Léif Wielerinnen a Wieler!

Eis konkret Virschléi fir d’Zukunft vun der Gemeng Bartreng – am Resumé – fannt Dir hei ganz ausféierlech.

Eis Propositiounen – kuerz a bündeg!

– an däitscher Sprooch

– a franséischer Sprooch

– an englescher Sprooch


D’Grondsätz, op deenen eise Programm berouht, fannt Dir direkt op dësem Wee!


De méi ausféierlech Programm fannt Dir och nach mol hei.


Reaktiounen a Propositiounen vun Ärer Säit si wëllkëmm.

Dir kënnt dat iwwer d’Matmaach-Box maachen.

Notre programme électoral

Chères électrices, chers électeurs,

Le CSV Bertrange s’est préparé au mieux pour entamer la prochaine mandature. Notre programme comporte de solides projets pour Bertrange et Bertrange-Helfent. Notre politique s’oriente aux critères de la durabilité. Elle se veut prévoyante. On s’appliquera à renforcer la démocratie directe.

Un changement au sein du collège du bourgmestre et des échevins fait du bien à chaque commune. Cela provoque une nouvelle dynamique et fait progresser la commune.

Le CSV a pratiqué une opposition constructive dans le passé. Sept nouveaux candidats renforcent notre équipe qui se présente aux élections. Cette équipe est composée de personnes chevronnées et compétentes. Ainsi, le CSV est prêt à assumer des responsabilités.

Faites nous confiance !

Renforcez la position du CSV ! Votez pour le changement !

Le CSV Bertrange

Dear voters


Dès maintenant vous pouvez consultez un résumé de notre programme électoral. Consultez également cette page-ci!

Vous trouvez le programme en langue anglaise ici.

Il existe également une version allemande.


 

Eist Quetschefest kënnegt sech un

Et ass eng gutt Traditioun vun der CSV-Bartreng, fir Quetschekraut ze kachen an ze verkafen. Grad elo an der Wahlkampagne ass et wichteg, fir mat Iech, de Bartrenger Leit a soss Bekannten an Interessenten, an d’Gespréich ze kommen. Duerfir invitéiere mir dëst Joer net nëmmen op eise Verkafsstand. Dir sidd och häerzlech invitéiert, laanscht ze kommen, wann d’Quetschekraut gekacht gëtt. Um Flyer, deen hei drunn hänkt, fannt Dir déi néideg Prezisiounen.

Quetschkrautverkaf 2017 Flyer A5_def

Erfolge unserer Oppositionsarbeit

Die DP denkt um und schließt sich Forderungen der CSV an – in Sachen Helfent und Strukturen für Senioren. Seit Samstag, dem 9. September, ist es offiziell.

Der Bürgermeister verriet dem Luxemburger Wort im Blick auf Helfent: “In 25 Jahren wird es dort sicher eine Schule und eine ‘Maison relais’ geben.” CSV-Vertreter waren schon lange dieser Ansicht; sie wollen jedoch nicht noch 25 Jahre warten.

Radikal ist die Kehrtwende der DP auch im Blick auf die Strukturen für Senioren. Im Oktober 2012 hatte die CSV im „Op de Punkt“ den Vorschlag einer parteiübergreifenden Initiative im Interesse der älteren Menschen“ unterbreitet. Im Dezember 2015 machten wir auf die Unzulänglichkeiten des Pflegeheimes aufmerksam. Wir plädierten für eine neue adäquatere Struktur und wünschten uns eine Zusammenarbeit zwischen der Maison de Soins und den benachbarten Résidences du Domaine Schwall. Bei verschiedenen Gelegenheiten forderten unsere Vertreter im Gemeinderat eine Modernisierung des Pflegeheimes. DP-Vertreter widersprachen. Die “Déi Gréng” schwiegen. Unser hartnäckiges Insistieren hat sich gelohnt. In der Generalversammlung der Amicale de la Maison de Soins «Les Parcs du 3e Âge» im März dieses Jahres eröffnete der Bürgermeister, dass der Schöffenrat Pläne in Auftrag gegeben habe. Nun sagt das Gemeindeoberhaupt dem Luxemburger Wort u.a.: “Renovierung, Modernisierung und Vergrößerung drängten sich auf.” Ja, das ist richtig.

Unsere konstruktive Opposition zeitigt Früchte.



Op dëser Säit fannt Dir eis Flyeren, déi mir an all Stot hei zu Bartreng verdeelt hunn.

Hei ass de Flyer Nr. 1 zur Wahlkampagne 2017 – mat 4 Säiten, op deene mer eis Equipe virstellen.

 


De Flyer 2 invitéiert, fir mat eise Kandidaten ze diskutéieren – dee Moment, wou de 24. September d’Quetschekraut gekacht gëtt. Dëst Quetschekraut gëtt den 30. September verkaaft.

An dat hei ass de Flyer Nr. 2.


Eise Flyer Nr. 3 ass d’Invitatioun op eis Wahlversammlung vum 2. Oktober.


Mir hunn och een OP DE PUNKT verdeelt.


Doriwwer eraus sinn nach zwou Broschüre verdeelt ginn.

Déi 1. enthält eise Programm a Kuerzform – an dräi Sproochen. Hei ass d’Titelsäit an d’Broschüre selwer.

Déi 2. liwwert Prezisiounen zou eise wichtegste Programmpunkten. Hei ass d’Titelsäit an d’Broschüre. Wahlprogramm zweeten Deel.

Den Inhalt: Ortsentwicklung – Naturerlebnispark – Das Duerfhaus: Ein Haus der Begegnung – Die Senioren – Neue Unternehmen. Start-ups – Aktivitéiten an Entreprisen zu Bartreng – Klima- und Umweltschutz – Nützliches mit Erlebnisreichem verbinden! – Lebensqualität – Logistikzenter – Parkanlage in Helfent . D’Texter fannt Dir och all eenzel hei.



 

D’Lëscht gouf ugeholl

3. August 2017: An der ausseruerdentlecher Generalversammlung vun der CSV Bartreng ass d’Lëscht eestëmmeg ugeholl ginn.
D’Biller vun de Kandidatinnen a Kandidate fannt Dir an der Rubrik Gemengewahlen 2017.

Hei elo mol Prezisiounen zou de Kandidatinnen a Kandidaten.

Kandidaten 2017