Nadine Schares – Kandidatin fir d’Chamberswahlen

D’CSV Bartreng ass immens frou, datt si, elo nom CSV-Konvent, an hire Reien eng Kandidatin fir d’Chamberswahlen am Oktober huet. D’Nadine gehéiert zu deenen Kandidatinnen, déi de Beweis derfir sinn, datt d’CSV et fäerdeg bréngt, sech ze erneieren.

Mir begréissen, datt et op der CSV Lëscht vum Zentrum erëm eng Kandidatin aus der Gemeng Bartreng  gëtt. D’CSV hat bäi de leschte Chamberswahlen een héije Prozentsaz u Stëmme kritt. Mam Nadine sinn d’Viraussetzunge ginn, datt mer och dës Kéier gutt zu Bartreng ofschneide wäerten.

 

Mir wënschen dem Nadine an eiser ganzer Partei elo schonn e grousse Succès.

 

Hei sinn dann och all Kandidaten aus dem Zentrum:

Claude Wiseler (58), Luxemburg; Diane Adehm (47), Hesperingen; Maurice Bauer (46), Luxemburg; Alex Donnersbach (26), Walferdingen; Paul Galles (44), Luxemburg; Claudine Konsbruck (51), Luxemburg; Marc Lies (49), Hesperingen; Elisabeth Margue (27), Luxemburg; Simone Stitz-Massard (54), Sandweiler; Martine Mergen (61), Luxemburg; Laurent Mosar (60), Luxemburg; Nico Pundel (52), Strassen; Vincent Reding (25), Weiler-la-Tour; Viviane Reding (66), Luxemburg; François Sauber (53), Walferdingen; Nadine Schares (35), Bartringen; Natalie Silva (37), Fels; Claude Steinmetz (50), Mersch; Fréd Ternes (30), Niederanven; Serge Wilmes (35), Luxemburg; Marion Zovilé (57), Contern.

Schecküberreichung und Mitgliederehrung

Am 31. Januar 2018 überreichte die CSV Bartringen, in ihrer Generalversammlung, der Vereinigung „Pour la Vie Naissante“ einen Scheck in Höhe von 1000 Euro, dem Erlös aus dem traditionellen Verkauf von „Quetschekraut“ im Herbst.



Zugleich hatte die CSV Bartringen die große Freude, zwei Mitglieder besonders ehren zu können: Herrn Jean-Pierre Pletsch für 70 Jahre und Frau Mado Nilles-Funck für 40 Jahre Mitgliedschaft.

Die Liste der für langjährige Mitgliedschaft zu ehrenden Personen umfasste außerdem folgende Personen: Jules Blom, Thessy Wolter, Louis Koener, Robert Jost, Michel Schaeffer, Nico Schares. Zuvor hatten sich die Teilnehmer an der Generalversammlung, die von Carlo Lux, dem Sektionspräsidenten, geleitet wurde, neben den üblichen Tagesordnungspunkten, mit dem Resultat der Gemeinderatswahlen vom Oktober 2017 befasst. Die Bezirkspräsidentin Diane Adehm setzte sich ihrerseits sehr kritisch mit der Regierungspolitik in Sachen Kirchenfabriken auseinander. Eine lebhafte Diskussion und ein gemütliches Beisammensein rundeten die Generalversammlung ab.

Demokratie heescht: zesummen d’Gesellschaft gestalten

An engem Interview am Dezember 2017 huet den Hartmut Rosa, Professer fir Soziologie op der Uni Jena, dëst gesot: “Das Grundversprechen der Demokratie besagt, dass jeder und jede eine Stimme haben soll, mit der wir die Welt gemeinsam gestalten und in ein Antwortverhältnis setzen können. Allerdings ist die Idee der Demokratie inzwischen leider ziemlich abgenutzt.” Seng Begrënnung: “Weil die Grundidee von Demokratie – nämlich das Sprechen, Hören, Antworten und so zu gemeinsamen Lösungen zu kommen – an allen Ecken unterlaufen wird. In den Parlamentsdebatten geht es gerade nicht darum, sich durch Zuhören verändern zu lassen. Man darf sich auf gar keinen Fall von den Argumenten der Opposition bewegen zu lassen.”
Kritiséiert gëtt also dat stuurt Blockdenken, dat et esou dacks tëschent Majoritéit an Oppositioun gëtt. Hei zu Bartreng ass dëst Blockdenken zum Gléck net esou ausgeprägt. Et gëtt ëmmer erëm Projeten, wou openee gelauschtert gëtt a wou un engem Strang gezuche gëtt. Well dat hei zu Bartreng esou ass, sinn ech gäer an der CSV an och an dësem Gemengerot.
Guy Weirich

Chrëschtfeier fir Senioren

Op der Chrëschtfeier, déi d’Gemeng de 17. Dezember fir déi eeler Matbiergerinnen a Matbierger organiséiert hat, huet d’Liliana De Feudis gehollef de Service ze maachen. D’Liliana war Member vun der fréierer Kommissioun Senior an ass Member vun der neier Kommissioun, déi elo den Numm 50+ dréit. Um Bild gesäit een d’Liliana zesumme mam Marie-France Bemtgen a Guy Weirich.

Personalfeier vun der Gemeng

E Freidegowend, de 15. Dezember, wor d’Personalfeier vun der Gemeng, op där eng Rei Leit geéiert gi sinn. Dorënner och de laangjähregen CSV-Conseiller Marc Rauchs. Um Bild gesi Dir hien mat den dräi aktuellen CSV-Conseilleren.

Gemengerot den 8. Dezember

An der Gemengerotssitzung vum 8. Dezember gouf d’Schäfferotserklärung diskutéiert. D’CSV Fraktioun huet d’Geleeënheet genotzt, fir d’Schäfferotserklärung mat eisem Wahlprogramm ze vergläichen. Dobäi ass, an der Prioritéitslëscht, e grousse Konsens mat der Majoritéit zum Virschäi komm. Déi Projeten wäert eis Fraktioun ënnerstëtzen, si behält sech awer vir, genee ze iwwerpréifen, wéi déi Projeten verwierklecht ginn. Doriwwer eraus huet de Fraktiounsspriecher Carlo Lux op eng Rei Iddie verwisen, déi an eisem Wahlprogramm stoungen an déi et derwäert wieren, am Intressi vun der Bartrenger Bevëlkerung ze realiséieren. De Guy Weirich huet, an eegener Saach, begrënnt, firwat hien d’Offer zur punktueller Zesummenaarbecht mat der Majoritéit (Museksschoul Westen a Kommissioun ArcA) ugeholl huet a grad wéi de Fraktiounsspriecher d’Zesummenaarbecht mam Schäfferot zum Wuel vu Bartreng als eng Grondastellung vun der CSV duergestallt.
Bäim Projet vum PAG “Brill” huet d’CSV dergéint gestëmmt. Eis Conseilleren hunn zwar unerkannt, datt de Schäfferot den ursprüngleche Projet staark verännert huet a villen Awänn vun de sëllege Reklamante Rechnung gedroen huet. Bäim grousse Knackpunkt Entrée/Sortie an der rue des champs huet d’CSV awer nach eng Rëtsch Problemer gesinn.
An dëser Sitzung sinn och d’Membere vu verschiddene Kommissioune gewielt ginn. D’Membere vun der CSV fannt Dir op enger anerer Säit.

Nei am Gemengerot: Marie-France Bemtgen-Jost

Marie-France Bemtgen-Jost stellt sech vir

A mengem Beruff sinn ech gewinnt op d’Mënschen duer ze goen, en oppent Ouer ze hunn fir hier Suergen an hier Uleies.
Och a menger Fräizäit sinn ech sozial engagéiert. Ech setze mech a fir déi Mënschen, déi et an eiser Gesellschaft besonnesch schwéier hunn. Esou sinn ech z.B. aktiv an engem Projet mat Flüchtlingen a bei de Gehörlosen.

An der Politik soll dëst net anescht sinn: Ech wëll mech asetze souwuel fir e gutt Matenee vun de Generatiounen an de verschiddenen Nationalitéiten wéi och fir sozial schwaach Mënschen.
Eis eeler Leit solle gär hei ze Bartreng al ginn a selwer matentscheeden, wéi a wou si hire Liewensowend wëlle verbréngen.
Eise Jonke soll et méiglech sinn, och hir Zukunft hei zu Bartreng kënnen ze plangen. Dofir brauche mir e generatiouneniwwergräifend Konzept a bezuelbare Wunnengsbau!

Respekt, Wäertschätzung, Éierlechkeet an Transparenz si fir mech wichteg Haltungen. Dës maache mech aus an dofir stinn ech!

Ech wënsche mir, datt mir hei am Gemengerot konstruktiv a respektvoll zesumme schaffen zum Wuel vun all eise Bierger.


D’Marie-France Bemtgen-Jost bäi der Vereedegung

Vereedegung vun de Conseilleren

E Mëttwoch, de 15. November 2017, sinn op der Bartrenger Gemeng d’Conseillere vereedegt. Vun der CSV sinn dat dës Gewielten:
Carlo LUX
Guy WEIRICH
Marie-France BEMTGEN-JOST.

D’Marie-France BEMTGEN-JOST ass amplaz vum Nadine SCHARES derbäi, dat als 3. gewielt gi war, mä weenst Inkompatibilitéit säi Mandat net unhuele kann. D’Nadine Schares ass, par alliance, ze no Famill mam Carlo Lux. Am Walgesetz steet nämlech: Les membres du conseil communal ne peuvent être parents ou alliés jusqu’au deuxième degré inclusivement, (…)
Si deux personnes tombant dans l’une des catégories visées par l’alinéa premier sont élues, préférence est accordée à la personne qui a obtenu le plus de voix. D’Marie-France BEMTGEN-JOST war als 4. op eiser Lëscht gewielt ginn. D’Nadine SCHARES behält säi Rang als 3.-Gewielten.

Déi dräi Vertrieder vun der CSV wäerten eng konstruktiv a kritisch Politik am Intressi vun der Uertschaft Bartreng a sengen Awunner maachen.

Carlo LUX

Guy WEIRICH

Marie-France BEMTGEN-JOST