Weider politesch Stammineeën

Samschdes, de 15.01.2022 – 09h00 bis 11h30: Ëmwelt, Klima a Mobilitéit

Donneschdes, den 10.03.2022 – 19h30 bis 22h00: Wunnengsbau, Stroossebau an Duerfentwécklung

Samschdes, den 23.04.2022 – 09h00 bis 11h30:Soziales, Schoul, Famill, Generatiounen

Donneschdes, den 09.06.2022 – 19h30 bis 22h00: Veräiner, Sport an Kultur

Den 9. Oktober hate mir een 1. Austausch, deen dank externer Managementhëllef ganz gutt verlaf ass. Et war een interaktiv produktiven an gelongene Virmëtteg. Et gouf intensiv debattéiert. Vill Iddie goufe gesammelt an opgeschriwwen.

Dat huet äis encouragéiert, fir mam „Politesche Stamminee” weiderzefueren. Dir kënnt Iech deemno och an Zukunft aktiv abréngen an Iech zu Wuert mellen. Jo, Dir all sollt Iech amëschen a riicht eraus Äert Uleies formuléieren. 

D’Iddien an d’Virschléi, déi gemaach gi sinn, sollen elo opgegraff an a 4 weidere Stammineeë méi konkret ausgeschafft ginn. Dës Stammineeë si jeeweils am Centre Jean-Paul II (2D, rue de la Fontaine).