De Carlo Lux, dee vun 2005 u fir eis Partei am Gemengerot war, huet säi Mandat niddergeluecht, fir datt d‘Nadine Schares noréckele kann.
No de leschte Walen konnt d‘Nadine säi Mandat, wéinst der familiärer Bezéiung am 2. Grad mam Carlo, net direkt unhuelen. Dat geschitt awer elo. Dem Carlo gëllt eise Merci, an dem Nadine wënsche mir vill Erfolleg a sengem Engagement fir Bartreng!
