Einmischen erwünscht!
Mir invitéieren Iech op en Austausch, samschdes, den 9. Oktober, vun 9h00 bis 11h30 am Centre Jean-Paul II (2D, rue de la Fontaine).
Am Kader vun engem „Politesche Staminee” ënnert dem Thema „Einmischen erwünscht” schafe mir eng Plaz, wou Dir Iech aktiv abrénge kënnt a gehéiert gitt. Do ass Plaz fir Är Ureegungen, Är Wënsch, Är Iwwerleeungen an Iddien, awer och fir déi Saachen, déi Iech iergeren an déi Iech hei zu Bartreng feelen. Dir sollt Iech amëschen a riicht eraus Äert Uleies formuléieren. Mir bidden duerfir en interaktiven a flotte Forum. Hëlleft äis d‘Liewensqualitéit an eiser Gemeng ze verbesseren!
Et wier flott, wa méiglechst vill Leit bei dësem Staminee derbäi wieren. Vläicht kënnt Dir esouguer Bekannten an Nopere motivéiere matzekommen.
Unzemelle braucht Dir Iech net, mä eise Staminee gëtt ofgehalen ënnert de Bestëmmunge vum Covid-Check. Bréngt duerfir Ären Impfcertificat mat!