KONFERENZ VUN DEN DEPUTÉIERTE Marc LIES a Paul GALLES

De 5. Juli 2021, um 19:30 Auer, geet et ëm de Sujet „Wunnengsmaart schaaft soziaalt Ongläichgewiicht”.
D‘Deputéiert Marc Lies a Paul Galles maachen am Festsall vum Centre Atert eng Analys a schwätzen iwwer dës Aspekter:
Wee wunnt wéi? Locatairen, Proprietären. Sozialwunnengen, Eegenheemer
Wat ass Aarmut? Woufir mécht Wunnen arem?
Déi zwee Conferenciere presentéieren d‘Léisungsvirschléi vun der CSV a stelle sech de Froe vum Publikum.

D‘Konferenz respektéiert déi sanitär Oplagen: Maskeflicht, Distanzéierung a begrenzte Plazen.
Weider Informatioune kritt Dir beim Guy Weirich um Tel. 621 175 474 oder per Mail: guy.weirich@education.lu.

D’Konferenz war scho fir den November 2020 geplangt, huet dunn awer wéinst de sanitäre Moossname misse verluegt ginn. De Sujet ass nach ëmmer aktuell an huet – leider – nach un Dramatik zougeholl.