Europadag

Zesumme mat der CSV Stroossen sollt et dëst Joer eng zweet Editioun vum Europafest, den 9. Mee, ginn. Dëst Fest, dat d‘lescht Joer e ganz grousse Succès hat, huet wéinst der Pandemie missen ofgesot ginn.

Duerch d‘Pandemie ass Europa leider e bësschen ënner d‘Rieder komm. Grenze sinn zougemaach ginn. Vill Länner kucke just no sech. Dat ass net gutt. De Jean-Claude Juncker huet et op de Punkt bruet. Hien huet vun enger „Renaissance des Nationalstaates“ geschwat an ergänzt: „Resultat der Veranstaltung: Chaos, Durcheinander, Unordnung, Staus an den Grenzen und vielerorts Unverständnis.”

Mir brauchen een anert Europa – mat méi Solidaritéit, mat enger besserer Zesummenaarbecht, mat méi Koordinatioun an de wesentleche Punkten.

Eis Europadeputéiert Christophe Hansen an Isabel Wiseler-Lima wäerte sech mat de Parteifrënn vun der EVP am Europäesche Parlament fir een anert a méi effikasst Europa asetzen.

Iech all wënsche mir weiderhi ganz vill Courage an dëser schwéierer Zäit a wënschen nach mol: Bleift gesond!