De 7. Juni war an der City Concorde zu Bartreng d’Inauguratioun vun enger Ausstellung zur Mobilité durable a Presenz vum Minister vum Développement durable et des Infrastructures. Dës Ausstellung dauert vum 7. bis de 17. Juni an et kann ee sech doriwwer informéieren, wéi een am beschte seng Deplacementer organiséiere kann. Si ass organiséiert ginn vun der City Concorde, vum zoustännege Ministère, dem Verkéiersverbond, der Luxtram, der CFL a CHARGY. Um Vernissage war d’CSV duerch de Conseiller Guy Weirich vertrueden.
Op de Fotoe fannt Dir e puer Impressiounen zur Ausstellung.



