Aarbechtsgrupp vun der CSV zu Bartreng

Den 12. Juni war an der Schauwebuerg ee CSV_Forum zum Thema „Aarbechtszäitorganisatioun” ënnert der Leedung vum Marc Spautz. D’Aarbechtszäitorganisatioun an enger moderner Economie a Gesellschaft bedeit fir d’Sozialpartner an d’Politik, déi zesummen de Kader festleeën, eng grouss Erausfuerderung. Et muss eng flexibel Approche fonnt ginn, déi de betribleche Necessitéite genau esou Rechnung dréit, wéi den individuellen Erwaardungen a Rechter vun den Arbeitnehmer.
Eng modern Aarbechtsorganisatioun traitéiert déi deeglech Aarbechtszäit a d’Wochenaarbechtszäit.
Si muss awer virun allem an engem méi laange Kontext gesi ginn, wou déi ënnerschiddlech Liewens- a Familljephase vun den Arbeitnehmer eng zentral Roll spillen. Et muss och
Zäit sinn, fir d’Formation continue an d’Preparatioun op den technologesche Fortschrëtt.
D’Jores- an d’Liewensaarbecht mussen aus dëse Grënn mat geduecht ginn.

D’CSV-Bartreng huet fir dëse Forum logistesch Hëllef geleescht. Mir ware frou, datt mir esou vill Leit emfänken konnten an hinnen eng gutt Plaz fir hiert Schaffen hei zou Bartreng offréieren konnten. Der Gemeng an hirem Personal gëlt e grousse Merci!