Quetschefest – Télévie

Eise Quetschekrautverkaf fir Télévie war ee grousse Succès. Schon um 10 Auer waren eis zwee Kessele Quetschekraut verkaf. Zum Gléck gouf et nach Taarten a Berliner. Eng Rëtsch Leit hunn och d’Spuerbéckse geholfe fëllen. Villmools Merci alle Leit, déi an Täsch gegraff hunn a sech 1 oder méi Glieser Quetschekraut mat heem geholl hunn. Déijéineg, déi extra laanscht komm sinn, fir Quetschekraut ze kafen a leider keent méi krut hunn, biede mir ëm Entschëllegung. Merci eiser CSV-Equipe, déi vill Stonnen investéiert huet, fir d’Quetschen opzemaachen an ze kachen. Merci rtl-Radio fir déi formidabel Reklamm zougonschte vun eisem Fest a besonnesch zougonschte vun Télévie.
sdc12097 sdc12095
20161008_103044_3 20161008_103925
sdc12094-nino-loverre 20161008_095250
sdc12096 sdc12092