Formatioun

D’Nadine Schares an de Guy Weirich vun eiser Sektioun hunn deelgeholl un enger Formatioun, déi vun der CSG offréiert gouf. Den Här Charles Lampers, fréieren Distriktskommissär, huet wichteg Froen am Zesummenhank mat de Gemenge behandelt an ass besonnesch op d’Aufgabe vun de Gemengen agoen. Dës Formatioun war den 22. Oktober an hat eng ganz Rëtsch Leit ugezuchen. Si war ganz instruktiv an huet gehollef, munches méi kloer ze erfaassen. Et war och flott ze gesinn, datt niewend erfuerenen CSV-Mandatären och Leit do waren, déi sech op eng Kandidatur fir 2017 preparéieren.

formatioun-oktober_2016_img_9095