Besuch am Europaparlament

Den 13. Oktober 2016 war, op eis Initiativ hin, e Grupp op Besuch am Europaparlament zu Bréissel. Mir goufen an Emfank geholl vum Frank Kuffer an haten eng gutt Entrevue mat eiser Europadeputéiert Viviane Reding. Si huet äis iwwer hier Aarbecht verzielt, Froe beäntwert an dobäi Ablécker ginn op d’Erausfuerderungen, déi sech fir Europa stellen.
Mir haten bäi der Besichtigung och nach Gléck an deem Sënn, datt de Plenarsall net eidel war. Hie war gutt gefëllt mat Entrepreneuren aus ganz Europa an esou konnte mir den Ufank erliwen vun dëser internationaler Konferenz.
Bäim Mëttegiessen, datt super war an äis vun der Deputéiert Viviane Reding offréiert gouf, hate mer du och nach d’Geleeënheet, kuerz Bekanntschaft mat der Lëtzbuerger Wirtschaftsdelegatioun ze maachen an zwee weider Deputéiert aus Lëtzebuerg ze gesinn.
E weidere Lëttzebuerger, de Romain Strasser, deen zënter 30 Joer fir d’Europäesch Vollekspartei schafft, ass elo Chef vun deem ganze Personal, dat fir d’EVP bäim Parlament schafft. Hien huet äis vu senger Aarbecht als Personalchef an als Beroder fir d’koreanesch Hallefinsel verzielt.
Mat engem Spazéiergank an den Zentrum vu Bréissel ass dëse flotten Dagesausfluch ofgeschloss ginn.

Visitors group Viviane REDING
Visitors group Viviane REDING
sdc12117
sdc12118