Léiwe Kleeschen!

Ech hat mech vill op dech an däi Besuch hei zu Bartreng gefreet. Ech war jo och ëmmer gutt brav. Ganz frou war ech, wéi ech eng grouss Tiitche vun dir kritt hunn. Ech hunn dir och léif Merci gesot. Doheem wollt ech direkt eppes schmaachen. Meng Mamma awer huet du ganz genee gekuckt a sot: “Do ass näischt fir dech derbäi!” – “Wierklech guer näischt?”, sot ech. Jo, et war net een eenzeg Stéck fir mech derbäi. Esouguer um Schokola stung Gluten. Wat eng Enttäuschung!
Kanns du w.e.g. d’nächst Joer dengen Engelcher soen, si sollten och e bësschen u mech an un all déi aner Kanner denken, déi eng Glutenintoleranz oder soss eng Allergie hunn. Deng Engelcher fanne bestëmmt eng Saach, déi jiddereen iesse kann. Eng eenzeg Saach, dat géif schonn duergoen! Domat kënns du dann ALLE Kanner eng Freed maachen.

Merci am Viraus a léif Gréiss

Illi